
Et kéint déi bis ewell gréisste Fräigab vu strategeschen Pëtrolsreserve sinn. Déi International Energieagence huet hir 32 Memberen opgeruff, am Ganze 400 Millioune Barrel Pëtrol aus de Reserven ze liberéieren, fir datt d’Präisser um Weltmaart sech berouegen. Déi si jo duerch de Krich am Noen Oste massiv am d’Luucht gaangen.
D’Memberlänner vun der IEA hätten där Propos unanime zougestëmmt. D’Lëtzebuerger Regierung weist sech iwwerdeems an engem Schreiwes solidaresch mat den anere Memberlänner. Ob a wéi vill Pëtrol Lëtzebuerg bereet ass, aus senge Reserve fräizeginn, gëtt allerdéngs net präziséiert, dozou géing ee sech nach äusseren.
Enkpäss géing et aktuell keng am Grand-Duché. Aus dem Iran heescht et iwwerdeems, et soll keng Drëps Pëtrol méi duerch d’Strooss vun Hormus fir d’USA an hir Partner fléissen. Et sollt ee sech op 200 US-Dollar de Barrel preparéieren. De Präis fir ee Barrel vun der Nordséi-Referenzzort Brent lait aktuell bei Ronn 90 US-Dollar.