541 Milliounen Dollar Netto-VerloschtSpaceX publizéiert éischt Zuelen zanter Gang un d'Bourse

AFP, iwwersat vun RTL
Et sinn Zuelen, déi mat Spannung erwaart goufen. Ma um Enn ware se zimmlech enttäuschend.
© HANNIBAL HANSCHKE/dpa Picture-Alliance via AFP

SpaceX huet en Dënschdegowend den éischte Geschäfts-Rapport nom spektakuläre Wee op d'Bourse am Juni publizéiert. Dëse fält manner gutt aus ewéi geduecht. Am Laf vum zweeten Trimester gouf deemno en Netto-Verloscht vun iwwer 540 Milliounen US-Dollar verbucht, trotz engem Ëmsaz, dee sech bal verduebelt huet op 7,8 Milliarden.

Analysten haten sech am Virfeld en däitlecht bessert Resultat erwaart.

D'Aktie vu SpaceX ass no der Presentatioun un dësen Zuelen op der Wall Street tëschenzäitlech ëm iwwer 6 % gefall.

Back to Top
CIM LOGO