Viru Visitt vum US-PresidentArméierte Mann op Golfterrain vum Donald Trump festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
Zwee Deeg virun enger Visitt vum US-President Trump ass op engem Golfterrain a Kalifornien, deen him gehéiert, en arméierte Mann festgeholl ginn.
Zwei Tage vor einem Besuch von US-Präsident Donald Trump ist auf einem ihm gehörenden Golfplatz in Kalifornien ein bewaffneter Mann festgenommen worden.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv

Der Police no gouf um Golf-Site, net wäit vun der Metropol Los Angeles en 38 Joer ale Mann festgeholl, an deem sengem Auto eng geluede Pistoul a Munitioun fonnt gouf. D'Festnam wier schonn e Sonndeg geschitt, zwee Deeg duerno, also en Dënschdeg, war den US-President da per Helikopter am luxuriéisen "Trump National Golf Club" zu Ranchos Palos Verdes ukomm, wou hien un enger Spende-Gala vun der Republikanescher Partei deelgeholl huet. De Mann wier gesi ginn, wéi hien an Zivilkleedung iwwert de Site vum Golfclub gelaf wier a sech dobäi verdächteg verhalen hat. Hien hätt Fotoe gemaach a Videoen opgeholl, wat dorobber schléisse léisst, datt hien "Aktivitéiten zum Plange vun der Sécherheet" observéiere wollt, esou d'Police.

Bei senger Festnam hätten d'Beamten e Magazin mat 16 Schoss Munitioun an der Box vum Verdächtege fonnt, duerno gouf och säin Auto duerchsicht, woubäi eng geluede Pistoul a weider Munitioun entdeckt gouf. Och d'Wunneng vum Verdächtege gouf no senger Festnam duerchsicht, hei wieren e Maschinnegewier, eng Pistoul, eng schosssécher West, Munitioun, zwee Walkie-Talkien an "eng Rei Notizbicher mat besuergniserregenden Äusserungen" entdeckt ginn, esou nach d'Police.

Op den Donald Trump gouf an der Vergaangenheet schonn eng Rei Attentatsversich: Am Juli 2024 hat e Mann wärend engem Walkampfevenement am US-Bundesstaat Pennsylvania op hie geschoss, woubäi d'Kugel d'Ouer vum deemolege Presidentschaftskandidat gesträift hat. Am September dat selwecht Joer wollt e Mann den US-President a Florida erschéissen, wéi jien amgaange war Golf ze spillen. Den 59 Joer ale Mann gouf verhaft an zu liewenslaangem Prisong verurteelt.

E ganz rezente Versuch gouf et dann nach dëst Joer am Abrëll: En arméierte Mann hat versicht, d'Sécherheetskontroll vun engem Dinner-Evenement zu Washington z'iwwerwannen, un deem den Donald Trump deelgeholl hat. Dobäi sinn eng Rei Schëss gefall. De Mann gouf wéinst versichtem Mord ugeklot.

Back to Top
CIM LOGO