"Si hu keng Stëmm méi"Manifestatioun an der Stad fir Fraerechter am Afghanistan

Chris Meisch
Bal fënnef Joer nodeems d'Taliban zeréck un d'Muecht komm sinn, ass d'Situatioun vun de Fraen a Meedercher am Afghanistan weiderhi prekär.

Si ginn a bal alle Beräicher vum ëffentleche Liewen ausgeschloss a mat ëmmer méi Restriktioune konfrontéiert. Den Zougang zu Bildung, Aarbecht a gesellschaftlecher Participatioun ass staark bis komplett ageschränkt. E Mëttwoch hu sech ronn 100 Leit um Hamilius an der Stad versammelt, fir Solidaritéit mat den afghanesche Fraen ze weisen an op hir Situatioun opmierksam ze maachen.

"Aarbecht, Educatioun a Fräiheet" stoung op den Affichë vun de Membere vun der afghanescher Communautéit a Sympathisanten. Dräi Grondrechter, déi fir vill Fraen a Meedercher an Afghanistan haut keng Selbstverständlechkeet méi sinn. Mat hirer Manifestatioun, esou d'Mënscherechtsaktivistin Hadise Hussaini, wollte si op déi systematesch Repressiounen opmierksam maachen, déi zanter der Muechtiwwernam vun den Taliban ëmmer nees verschäerft goufen.

"Ech hat d'Méiglechkeet, mat ville Fraen aus verschiddene Regiounen am Afghanistan ze schwätzen. Dobäi ass mir opgefall, datt hir Geschichte sech dacks gläichen. Vill vun hinne kënnen hiren Alldag net fräi gestalten, si hu keng Stëmm a kréien net emol Zougang zu Bildung. Mir sinn haut hei, fir eis Solidaritéit mat den afghanesche Fraen auszedrécken, deenen elementar Rechter a Fräiheete verweigert ginn."

D'Parisa Ahmadi erzielt vun enger systematescher Ausgrenzung vu Fraen a Meedercher an der afghanescher Gesellschaft. Si ass Member vun der afghanescher Communautéit zu Lëtzebuerg, steet weiderhin a Kontakt mat Leit aus dem Land a weist sech déif besuergt iwwer d'Liewensrealitéit, mat där vill Fraen am Afghanistan konfrontéiert sinn.

"Mes sentiments, je ne peux même pas vous les expliquer, car c’est profond. J'ai des amis qui sont là-bas et qui ne peuvent pas sortir de chez eux sans être accompagnés d’un homme. Ils ne peuvent pas vivre comme ils le souhaitent ni faire ce qu’ils veulent. Pour moi, c’est quelque chose de très grave et, en tant qu’être humain, je trouve cela tout simplement inacceptable."

D'Manifestatioun zu Lëtzebuerg ass Deel vun engem méi breeden Appell, fir d'Situatioun vun afghanesche Fraen net ze vergiessen an den Drock op d'Taliban-Regierung oprecht ze erhalen.

"Mir wëllen, datt d'Situatioun vun den afghanesche Fraen net aus dem Bléckfeld vun der internationaler Gemeinschaft verschwënnt. Mir lancéieren dofir den Appell u Mënscherechtsorganisatiounen, Institutiounen a Bierger weltwäit, sech weider fir hir Rechter anzesetzen. Och Lëtzebuerg soll sech kloer op d'Säit vun den afghanesche Frae stellen. Als Land, dat sech fir de Respekt vun de Mënscherechter asetzt, kann et dozou bäidroen, hir Stëmm op internationalem Niveau ze stäerken. Mir mussen déi Fraen ënnerstëtzen an hinnen eng Stëmm ginn, well si selwer keng méi hunn."

Trotz de Restriktiounen hunn afghanesch Fraen an de leschte Joren ëmmer nees de Courage gewisen an an hirem Land géint hir Situatioun demonstréiert. Der UNO no goufen esou Protester awer reegelméisseg ënnerbonnen, Demonstrantinne goufe festgeholl, menacéiert oder mat Gewalt ënner Drock gesat.

En neit Taliban-Dekret erlaabt elo ënner anerem d'Bestietnes vu Mineuren a mécht et fir vill Fraen nach méi schwéier, sech aus gewaltsame Bezéiungen ze léisen. Mënscherechtsorganisatioune warnen, datt doduerch Kannerbestietnesser legitiméiert an d'Fraen nach méi staark vun de Männer ofhängeg gemaach ginn.

Manif fir Fraerechter am Afghanistan / Reportage: Chris Meisch

Back to Top
CIM LOGO