Krich an der UkrainEU huet diplomatesch Kontakter mam Kreml opgeholl

RTL mat AFP
Aus EU-Kreesser war gewuer ze ginn, dass Kontakter geknäppt gi sinn, fir nei Kommunikatiounskanäl opzemaachen.
Den António Costa um G7 Sommet am Gespréich mam US-Ausseminister Marco Rubio
Den António Costa um G7 Sommet am Gespréich mam US-Ausseminister Marco Rubio
© JULIA DEMAREE NIKHINSON/AFP

De Büro vum EU-Rotspresident António Costa huet an de leschte Wochen direkte Kontakt zum Kreml opgeholl. Et wiere "kuerz Kontakter" op diplomateschem Niveau gewiescht, fir "Kommunikatiounskanäl" opzemaachen, sou en EU-Responsabelen um Mëttwoch. Dobäi wier awer näischt Inhaltleches beschwat ginn, housch et weider.

Déi europäesch Alliéiert vun der Ukrain diskutéieren zanter längerem doriwwer, Verhandlunge mat Russland iwwer en Enn vum Krich an der Ukrain opzehuelen. Bei enger Renconter zu London hate sech Däitschland, Frankräich a Groussbritannien Ufank Juni fir direkt Gespréicher iwwer eng Wafferou tëscht Moskau a Kiew ausgeschwat.

D'Europäer wëllen dobäi de Prozess vun de Verhandlungen, dee bis elo vun den USA geleet gi war, "ophuelen a weiderféieren", sou den däitsche Regierungsspriecher Stefan Kornelius. D'Thema soll en Donneschdeg um EU-Sommet beschwat ginn. Een Diskussiounspunkt ass an deem Zesummenhang, wie bei sou engem Prozess d'Europäer vertriede géif.

Back to Top
CIM LOGO