
Den US-President Donald Trump dreet dem Iran mat neien Attacken. Zwee Deeg, ier de Kader-Accord tëscht den USA an dem Iran soll ënnerschriwwe ginn, menacéiert den US-President den Iran op en Neits mat der Ausso “wa si sech net behuelen, fänke mir direkt erëm domat un, hinne Bommen op de Kapp ze geheien”.
Zu Évian um Bord vum G7-Sommet huet den US-President dem Iran gedreet. Réischt leschte Sonndeg hate sech Washington an Teheran op e Kader-Ofkommes fir d'Enn vum Krich tëscht béide Länner verstännegt. Den Accord soll e Freideg an der Schwäiz ënnerschriwwe ginn a gesäit eng direkt Wafferou an der ganzer Regioun vir. Ausserdeem hu béid Länner duerno eng Phas vu 60 Deeg, fir en ofschléissende Friddensaccord auszeschaffen. Dobäi soll et och ëm déi heekel Fro vum iraneschen Atomprogramm goen.