E Sonndeg war déi feierlech Ouverture vun der COP26 zu Glasgow, der Klimakonferenz, op där sech grouss Entscheedunge fir d’Zukunft vun der Mënschheet erwaart respektiv erhofft ginn.
197 Memberlänner vun de Vereenten Natioune sinn a Schottland invitéiert a méi wéi 120 Staats- a Regierungcheffen waren deem Opruff nokomm. Fir Lëtzebuerg sinn de Premierminister Xavier Bettel an d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zu Glasgow.
Et steet vill um Spill, ewéi all déi prominent Riedner um éischten Dag betount hunn. Ëmmerhin huet sech d’Äerd elo schonn ëm 1,1 Grad erwiermt. D’Suitte spiert een iwwerall op der Welt.
Méi wéi 100 Länner wëlle sech dozou verflichten, d’Zerstéierung vun Bëscher bis 2030 ze stoppen.
Dofir stelle si en Dënschdeg um Weltklimasommet zu Glasgow eng Initiativ vir. 19 Milliarden Dollar un ëffentlechen a private Gelder si fir dës Initiativ virgesinn, heescht et an enger gemeinsamer Deklaratioun.
Déi bedeelegt Länner hunn iwwert 85 Prozent vun der weltwäiter Fläch u Bësch, dorënner sinn nieft Lëtzebuerg an all den aneren EU-Staaten och Kanada, Russland, Brasilien, China an Indonesien.
Klimaaktiviste kritiséieren, dass den Zildatum vun 2030 ze spéit wier a méi séier sollt gehandelt ginn.
Als grousse Fortschrëtt gëtt dann och gesinn, dat Indien sech 5 Ziler gesat huet, fir d’Klimaneutralitéit z’erreechen. Bis 2030 wëll d’Land 50 Prozent vu sengem Energiebedarf aus erneierbare Ressourcë gewannen a seng CO2-Emissioune bis dohin ëm eng Milliarden Tonne reduzéieren. Den indesche Regierungschef Narendra Modi: “Bis 2030 wäert Indien d’Kuelestoffintensitéit aus der Ekonomie op manner wéi 45 Prozent reduzéieren. (...) bis 2070 (wäert Indien) d’Zil vun Netto-Null-Emissiounen erreechen.”
Den Generalsekretär vun der UNO Antonio Guterres huet d’Staate weltwäit opgefuerdert, méi éiergäizeg beim Klimaschutz ze sinn. D’Mesurë géifen hannen a vir net duergoen, fir d’Erwiermung bei plus annerhallwem Grad ze limitéieren. Dem Guterres no si mir amgaangen, eist eegent Graf ze gruewen.
“Et geet duer, domat d’Biodiversitéit ze brutaliséieren, et geet duer, domat ons selwer mat CO2 ëmzebréngen, et geet duer, domat d’Natur wéi eng Toilette ze benotzen. Et gouf genuch verbrannt, gebuert, gegruewen, ëmmer méi déif, mir gruewen ons eege Griewer.”
Ënner anerem dëst sinn déi Leit, déi ee virun de Kamera gesäit. Quasi komplett am Hannergrond sinn déi dausende Wëssenschaftler an Klimaexperten, déi am Alldag mat engem Thema beschäftegt sinn, dat bannent de nächste Joerzéngte ëmmer manner Leit wäert kal loossen, esou den Antonio Guterres weider.
Den aktuellen Trend géif esouguer dozou féieren, dass d’Duerchschnëttstemperatur op onsem Planéit am Joer 2100 2,7 Grad Celsius méi héich wier, der UNO no eng Klimakatastroph.
Och den US-President Joe Biden an déi nach aktuell däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel hu méi Vitess beim Klimaschutz revendiquéiert.
Den Joe Biden huet vun engem kruzialen Punkt an der Weltgeschicht geschwat. Et géif eis just nach e bëssen Zäit bleiwen, ze reagéieren. D’USA wëlle mat guddem Beispill virgoen, esou de President. De britteschen Prënz Charles donieft huet un déi wichteg Roll vum Privatsecteur erënnert.
''Ambitioun, Aktioun an Acceleratioun'': esou hat de brittesche Premierminister Boris Johnson op der Klimakonferenz zu Glasgow seng Ried iwwerschriwwen. Wéi den Film-Geheimagent James Bond misst een d’Bomm vun der Äerderwiermung entschäerfen, esou den Johnson.
Hie mécht Pub fir méi Ambitiounen a konkret Aktiounen, zum Beispill eng méi séier Sortie aus der Kuel. An och de Wiessel op déi elektresch Mobilitéit misst beschleunegt ginn. Hie wëll och probéieren, d’Zil fir d’Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren, nach um Liewen ze erhalen.
Dofir ginn déi aktuell Virsätz vu ville Staate beim Klimaschutz awer net duer. Virun allem d’Accorde vum Sommet vun den 20 wichtegsten ekonomesche Muechten de Weekend zu Roum hunn den Äifer virun der COP26 zu Glasgow schonn e bëssen gebremst.
Russland a China, zwee vun de gréissten CO2-Produzente weltwäit, sinn op héchstem politesche Niveau guer net zu Glasgow a Schottland vertrueden. Zu Beijing steet den Intressi vun der Partei iwwert deem vum Planéit, mä weltwäit ass d’Angscht vun der Politik grouss, dass och nëmmen een Austrëtt aus der Kuel, e Minimalzil vun dësem Sommet, zum Verloscht vun Aarbechtsplazen a sozialen Onroue wäert féieren.
De Generalsekretär Antonio Guterres huet getwittert, hien hätt Roum mat onerfëllten Hoffnunge verlooss, mä op d’mannst wäre se nach net begruewen.
Bis op dat gemeinsaamt Zil vum annerhallwe Grad méi sinn d’G20-Staaten an hirer Ofschlossdeklaratioun quasi an alle Punkte vage bliwwen. Virop an der Fro, wéini si wëlle klimaneutral sinn, gouf just festgehalen: bis ongeféier d’Mëtt vum Joerhonnert.
Nach bis den 12. November ginn sech déi international Delegatiounen zu Glasgow Zäit a si kéinte sech et, eegenen Aussoe no, net erlaben, fir net zu enger Ofschlossdeklaratioun ze fannen, awer virun allem dann och net net zu enger Ëmsetzung vun de grousse Verspriechen.