Gedenkmarsch zu KrakauZéngdausende Pole gedenken den Affer vun der Attack um Weekend

AFP, iwwersat vun RTL
An engem Gedenkmarsch, deen e Méindeg den Owend duerch déi polnesch Stad Krakau gaangen ass, hunn Zéngdausende Leit den Affer vun der déidlecher Attack vum Weekend geduecht.
Zehntausende Polen haben am Montagabend in Krakau bei einem Schweigemarsch der Opfer der tödlichen Schusswaffenattacke vom Wochenende gedacht. Regierungschef Tusk und Präsident Nawrocki führten den Trauerzug an.
Zéngdausende Polen hunn e Méindeg den Owend den Affer geduecht.
© AFP

De Regierungschef Donald Tusk an de President Karel Nawrocki hunn den Trauermarsch zesumme mam Krakauer Buergermeeschter Lukasz Gibala ugefouert. Lassgaangen ass et op der Maartplaz, wou den Täter e Samschdeg aus engem Auto eraus ugefaangen hat, op Passanten ze schéissen. Sechs Leit koumen ëm d'Liewen a 15 anerer goufe blesséiert.

Insgesamt soll den Täter néng Leit ëmbruecht hunn. D'Elteren an d'Schwëster vum 24 Joer ale Mann goufe méi spéit erschoss an hirem Haus eng 150 Kilometer vu Krakau wäit fort fonnt. Den Täter ass e Méindeg de Moie an engem Spidol selwer u senge Blessure gestuerwen, déi hie bei engem Schosswiessel mat der Police krut.

D'Hannergrënn vun der Dot sinn nach ëmmer net gekläert. Et géif "bis ewell keng Hiweiser" dorop ginn, datt den Täter Michal O. "vun iergendenger Ideologie gepräägt war", sot de Spriecher vum Parquet Przemyslaw Nowak e Méindeg bei enger Pressekonferenz. Den Innenminister Marcin Kierwinski hat e Samschdeg fir d'éischt gesot, de Mann wier vu "rietsextreemen Ideologie faszinéiert" gewiescht.

De Parquet huet dat e Méindeg awer net confirméiert. Et wier "nach vill ze fréi", fir sech iwwert ee Motiv vum Täter ze äusseren, esou den Nowak. Bei den Ermëttlunge wieren "keng kloer Symboler vun iergendenger politescher Beweegung" fonnt ginn. Trotzdeem gëtt fir d'éischt weider wéinst dem Verdacht vun enger "terroristescher" Dot ermëttelt.

D'Bluttdot zu Krakau huet Polen an enger Zäit vu politescher a gesellschaftlecher Spléckung déif schockéiert. De pro-europäesche Regierungschef Tusk liwwert sech zanter laangem ee Muechtkampf mam President Nawrocki, deen der rietsnationalistescher Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS) nosteet, déi vun 2015 bis 2023 d'Regierung gestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO