
"Heimat gëtt bekannt ginn, datt d'Strooss vun Hormus fir de Schëffsverkéier zougemaach gëtt", heescht et an der Annonce. Et wier eng Reaktioun op déi israeelesch Loftattacken am Süde vum Libanon, déi bis ewell op d'mannst 12 Leit d'Liewe kascht hunn. D'Ugrëff wieren e Verstouss géint dat mat den USA decidéiert Kaderofkommes fir en Enn vum Krich am Iran.
Déi libaneesesch staatlech Noriichtenagence hat an engem éischte Bilan fënnef Doudesaffer gemellt. Israel hätt eppes iwwer eng Dosen Ziler bombardéiert. Dräi Persoune wieren zu Arab Salim gestuerwen, ee weidert Doudesaffer wier zu Deir Sahrani ze bekloen an et wier eng Persoun gestuerwen, déi vun enger Dron getraff gouf, wéi si op engem Moto ënnerwee war.
Eréischt e Freideg haten d'USA gemellt, dass Israel an d'Hisbollah, déi jo vum Iran ënnerstëtzt gëtt, sech op eng Wafferou gëeenegt hunn. Am Moment gëllt jo och een e Mëttwoch ënnerschriwwent Kaderofkommes tëschent den USA an dem Iran fir en Enn vum Krich am Noen Osten, dat nach am Detail muss ausgehandelt ginn, ma och eng Wafferou am Libanon virgesäit. Et gëtt gefaart, datt dee fragillen Accord duerch d'Attacken am Libanon nees kéint un d'Wackele kommen.
Datt d'Strooss vun Hormus elo nees zougemaach gëtt, wier dem Iran no "en éischte Schrëtt". Sollt d'Aggressioun virugeféiert ginn, géife weider Mesuren ënnerholl ginn fir "de Feind zum Anhale vu senge Verflichtungen ze zwéngen".