
E Portrait vum US-President Donald Trump soll geschwënn op verschidde Reespäss ze gesi sinn: Fir den 250. Anniversaire vun der US-Onofhängegkeetserklärung wäert eng limitéiert Oplo vu Päss mam Trump sengem Gesiicht drop erstallt ginn, wéi et vum Ausseministère zu Washington en Dënschdeg heescht. Dem Trump wier domat den éischten US-President, dee wärend senger Amtszäit op Reesdokumenter ze gesinn ass.
De Ministère huet an de sozialen Medien gepost, wéi de Pass méi spéit ausgesi kéint: Den Trump mat engem strenge Bléck iwwer der Onofhängegkeetserklärung vum 4. Juli 1776. Drënner d'Ënnerschrëft vum US-President - a Gold geschriwwen. Eng weider Spezial-Editioun weist en historeschen Tablo vun de Grënner vun den USA.
"Well d'Vereenegt Staaten am Juli den 250. Joresdag vun Amerika feieren, preparéiert den Ausseministère d'Editioun vun enger limitéierter Unzuel u speziell gestalten US-Päss, fir dësen historeschen Evenement ze wierdegen", huet de Spriecher vum Ministère, den Tommy Pigott, erkläert.
D'Päss mam Trump-Motiv kéint een ouni zousätzlech Käschte kréien. Dat bei engem perséinleche Rendez-vous zu Washington - "esoulaang d'Reserv duergeet".
D'Demokraten aus der Oppositioun hunn den Ausseminister Marco Rubio fir den neien Design kritiséiert. De Rubio sollt sech méi mam Enn vum Iran-Krich beschäftege wéi "amerikanesch Steiergelder ze verschwenden, fir dem Trump senger Abildung nozeginn", esou d'Demokraten aus dem Representantenhaus op X.
Déi nei Päss sinn Deel vun de Beméiunge vum US-President, sech duerch d'Ännerung vun Nimm vu Gebaier an Institutiounen an der US-Haaptstad ze veréiwegen. Schonn de Kulturzenter Kennedy Center gouf an Trump-Kennedy Center ëmbenannt an nieft dem Wäissen Haus léisst den Trump e grousse Festsall bauen.