93.3 FMRTL Today Radio vum 5. Mee un och via FM z'empfänken

RTL Communication
Den engleschsproochege Radiossender RTL Today Radio mécht e weidere wichtege Schrëtt a senger Entwécklung.
D’Diffusioun iwwer FM (UKW) vereinfacht d’Lauschteren ënnerwee, doheem an op der Schaff, réckelt de Sender nach méi no bei seng Nolauschterer an Nolauschterinnen an erhéicht esou och hire Bekanntheetsgrad.
© RTL

Vum 5. Mee 2026 un ass de Radio op der Frequenz 93,3 FM zu Lëtzebuerg an an engem Deel vun der Groussregioun z'empfänken. Domat ass de Radio elo nach méi no bei sengem Public. Déi nei Expansioun kënnt just fënnef Méint nom Start op DAB+, wat déi grouss Dynamik vun RTL Today Radio ënnersträicht.

Zënter sengem Start am Joer 2022 als rengen Online-Radio huet RTL Today Radio sech séier als deegleche Begleeder fir déi international Communautéit zu Lëtzebuerg etabléiert: mat enger Mëschung aus Musek, Neiegkeeten a lokalen Informatiounen iwwer d'Liewen am Grand-Duché.

"Dank der Frequenz 93,3 FM an dem DAB+ kënnen eis elo nach méi Leit ganz bequeem lauschteren – sief et am Auto, doheem oder op der Aarbecht“, seet den David Gloesener, Head of Digital and Audio Products bei RTL Lëtzebuerg.

Den Iwwergang op FM stellt eng Schlësseletapp duer, fir eng international Bevëlkerung z'erreechen. Ëmmerhi liewen enger Statc-Etüd vun 2025 méi wéi 180 Nationalitéiten* am Grand-Duché an 80 Prozent vun de Leit iwwer 16 Joer hu bei enger Ëmfro vun der Ilres no uginn, datt si Englesch schwätzen**.

© RTL

Dëse Schratt ergänzt déi besteeënd Offer iwwer DAB+ an déi digital Kanäl a mécht d'Statioun esou nach méi accessibel – besonnesch fir Leit, déi nach keen DAB+ am Auto hunn

RTL Today Radio ass eng Entitéit vum RTL-Grupp a proposéiert nieft der engleschsproocheger Noriichteplattform e villfältege Programm. Musekalesch gesi bitt de Radio eng equilibréiert Mëschung vun aktuellen Hits, rezenten Chart-Succèsen, bekannte Klassiker an neie Verëffentlechungen. An och d'Lëtzebuerger Musekszeen fënnt seng Plaz am Programm vum engleschsproochege Sender.

Nieft der Musek gëtt och de Lëtzebuerger Alldag an all senge Facettë behandelt: D'Emissiounen am Programm decken Theemen of, déi vun der Kultur iwwer d'Familljeliewen an d'Aarbecht bis bei de Sport ginn. Owes gëtt de Programm duerch speziell Formater erweidert, déi klassesch Musek oder Weltmusek respektiv nei Talenter a rezent Publikatiounen an de Vierdergrond stellen.


Vum 5. Mee un ass RTL Today Radio ze kréien iwwer:

Mam Empfank iwwer FM etabléiert sech RTL Today Radio als essentiellen Acteur am englesch-sproochege Raum zu Lëtzebuerg.

RTL Deutschlands Hit-Radio ass fir säin Deel weider op 97,0 FM grad esou wéi iwwer DAB+, Kabel, Satellit an d’App ze lauschteren.

* 2025**STATEC -2021 -RP2021 -UNE POPULATION DE PLUS EN PLUS COSMOPOLITE

** TNS ILRES – 2018 – MINISTÈRE DE L’ÉDUCATION NATIONALE DE L'ENFANCE ET DE LA JEUNESSE

Back to Top
CIM LOGO