"Beast Games": Saison 3 Zwee Lëtzebuerger an der Course, fir bei bekannter Amazon-Serie dobäi ze sinn

David Winter
Zënter e Méindeg ass et méiglech ofzestëmmen an domadder mat z'entscheeden, wien de Grand-Duché bei dëser internationaler Serie representéiere wäert.
© EMMA MCINTYRE/Getty Images via AFP

D'Beast Games ass eng Reality-Serie vum Youtube-Star "MrBeast" op Amazon Prime Video, an där Leit bei physeschen, mentalen an och sozialen Challengë matmaachen an ëm e Präis vu bis zu 5 Milliounen US-Dollar kämpfen.

D'Beast Games ass eng vun de gréissten an ambitiéiste Reality-Serien, déi jeemools fir eng Streaming-Plattform produzéiert gouf. D'Konzept kënnt vum YouTube-Star MrBeast aka Jimmy Donaldson selwer, deen och de Presentateur an den Executive Producer ass.

Amazon no ass d'Serie déi weltwäit meescht-gekuckt, net-geskript Serie op Prime Video, dat mat iwwer 50 Millioune Zuschauer an deenen éischte 25 Deeg. D'Serie huet et op d'Plaz 1 a méi wéi 80 Länner gepackt.

A fir bei der mëttlerweil drëtter Staffel matzemaachen, sinn och elo zwee Lëtzebuerger an der Course dobäi, nämlech de Lony an de Bruno, fir déi een och vun haut un ofstëmme kann.

Hei gesäit een déi zwee Kandidaten, déi Lëtzebuerg bei der 3. Staffel vun "BeastGames" potentiell kéinte representéieren.
Hei gesäit een déi zwee Kandidaten, déi Lëtzebuerg bei der 3. Staffel vun "BeastGames" potentiell kéinte representéieren.
© Screenshot vum offizielle Site fir ofzestëmmen

Ee vun deenen zwee wäert dann um Schluss de Grand-Duché bei der 3. Staffel vun de Beast Games representéieren. Hei kënnt een direkt op de Site, fir fir ee vun deenen zwee Lëtzebuerger Kandidaten ofzestëmmen. Matmaache kann een hei nach bis den 1. Mee, e geneeën Datum fir déi 3. Staffel gëtt et awer nach net.

Gewosst ass awer, dass et sech wéi gesot ëm eng méi international Editioun wäert handelen, vue dass Kandidate pro Land gesicht ginn a wäerte matmaachen.

Back to Top
CIM LOGO