De Leonardo ass d'Madamm Cartille
De "Leonardo" ass e Mannequin, dee bal alles kann, wat och e Mënsch kann. Zidderen, schweessen, bludden, et kann een him Medikamenter sprëtzen an en intubéieren. Am Simulatiounszenter vun der Uni Lëtzebuerg kënne si domat verschidde medezinesch Zenarie simuléieren an trainéieren.
Am Zenario mat Infirmièresstudenten ass de Leonardo eng Fra. D'Madamm Cartille huet 68 Joer a krut eng Knéi-Prothes. Si huet sech dat neit Gelenk awer blockéiert. Elo soll de Problem ënner Lokalanästhesie behuewe ginn. Dobäi kënnt et awer zu Komplikatiounen.
D'Enseignantë Franco Cavooto a Max Theissen vergläichen et mat der Fuerprüfung: "Si maachen hei de Führerschäin an da musse se lues a lues weider begleet ginn… et ass nom Prinzip, 'ni déi éischte Kéier beim Patient'. Hei kënne se Feeler maachen, déi solle se souguer maachen".
Üben um Mannequin an Ausbildung mam Simulator
De Simulatiounszenter huet am ganzen 12 Ausbildungssäll. Dovu profitéiere kënnen Infirmier- a Medezinsstudenten, Hiewanen an zanter kuerzem och d'Radiologie. Och hei gëllt, "ni als éischt um richtege Patient". Duerfir gëtt et och am Bitzcours kee richtegt Blutt. D'Medezinsstudente léieren um Silikonsmodel d'Basis-Handgrëffer, wéi een eng Wonn zoubitzt.
De Gilbert Massard huet de SimUL mat opgebaut. An ugefaangen huet alles mam Anatomie-Sall an engem 3D Modell vum mënschleche Kierper. Domat kann ee Couche fir Couche an de Kierper era kucken. Duerch d'Haut, bei Muskelen an d'Organer bis nach just de Skelett mat de Gefäässer iwwereg bleift. An et kann een och ganz einfach eenzel Organer analyséieren a Querschnëtter duerch de Kierper maachen. "Dat kënnt der mat enger Läich am Anatomieslabo net maachen. Da braucht der all Kéiers fir en anere Schnëtt, eng aner Läich, dat gëtt awer komplizéiert dann."
De SimUL am Top Secret: