De Maldon Mud Race am süd-englesche Maldon ass eng traditionell Course, wou d’Participanten sech, wéi den Numm vun der Course et schonn duerchblécke léisst, duerch eng déck Schicht Bulli kämpfe mussen, fir sou am beschte Fall vill Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.
Organiséiert gëtt dës Course all Joer am Fréijoer direkt beim River Blackwater-Floss am Promenade Park zu Maldon an zielt zu de bekanntste Charity-Events a ganz England.
D’Couse huet seng Originnen an de 70er Joren, wéi eng lokal Wette sech zu enger richteger Course entwéckelt huet. Hautdesdaags trieden honnerten Athleten un, vill dovunner verkleet. Den Event zitt Dausende vu Spectateuren un a sou ginn och all Joer zéngdausende Pond fir lokal a regional benevole Zwecker gesammelt.
Nieft der Haaptcourse gouf et dëst Joer och eng nei Kategorie, déi sougenannten “Uber Fit Challenge”, wou Profi- a Spëtzesportler, dorënner beispillsweis och den Olympia-Bronzgewënner Lewis Richardson, direkt no der Haaptcourse eng zweet, nach méi usprochsvoll Ronn duerch de Bulli lafen. D'Organisateure schwätzen dëst Joer erëm vum engem Succès, dat mat ronn 300 Participanten an iwwer 15.000 Visiteuren.
Dëst Joer huet iwwregens de 16 Joer jonken Albert gewonnen. Wéi hien an engem Interview no der Course erzielt huet, hätt hien sech iwwerhaapt guer net fir deen Event preparéiert gehat an hätt éischter spontan matgemaach.