
Nodeems leschte Weekend Dausende Leit zu Antwerpen op d’Strooss gaange sinn, gouf decidéiert d’Statu vum fréiere Kinnek Léopold II an de Musée ze plënneren.
De Léopold II, Kinnik vun de Belsch vun 1865 bis 1909, ass virun allem an d’Geschicht agaangen, well hien de Kongo koloniséiert huet. Déi haiteg Demokratesch Republik Kongo war Laangzäit säi private Besetz an hien huet hei e brutale Regime imposéiert.
Am Kader vun de weltwäiten anti-rassistesche Protester, ausgeléist vum presuméierte Mord duerch e Polizist vum schwaarzen US-Amerikaner George Floyd, verbreede sech Fuerderungen, fir Statue vu Kolonialherrscher a Sklavenhändler vun ëffentleche Plaze fort ze huelen.
Zu Bristol a Groussbritannien haten Demonstranten de Weekend eng Statu vun engem Sklavenhändler ofgerappt an an den Hafe geworf. De Londoner Labour-Buergermeeschter Sadiq Khan huet um Dënschdeg annoncéiert, datt sämtlech Statue vu Sklaven- a Plantatiounsbesëtzer sollen ewech geholl ginn.
Zu Antwerpen war d’Statu vum Léopold II nieft enger Kierch zu Ekeren d’lescht Woch vandaliséiert ginn. E Spriecher vum Buergermeeschter Bart de Wever sot der franséischer Presseagence, d’Statu hätt souwisou 2023 do sollen ewech geholl ginn, well d’Plaz géif reamenagéiert ginn. Se géif awer elo schonn net méi zréckgestallt ginn.
Ma och an der Belsch fuerdert zum Beispill d’Organisatioun “Réparons l’Histoire”, datt alleguerten d’Statu vum Léopold II zu Bréissel ewech geholl ginn. Eng deementspriechend Petitioun gouf iwwer 70.000 Mol ënnerschriwwen.
Gekoppelt un d’Kritik un de Statuen am ëffentleche Raum ass d’Fuerderung, d’Kolonialgeschicht méi (selbst-)kritesch opzeschaffen.
An och zu Lëtzebuerg gi sech mëttlerweil Froen iwwert d’Kolonialgeschicht gestallt: d’Deputéiert vun de Pirate Sven Clement a Marc Goergen wëllen an enger parlamentarescher Fro un de Staatsminister Xavier Bettel wëssen, op Lëtzebuerg bereet ass, Reparatioune fir d’Bedeelegung un der Kolonisatioun vum Kongo ze maachen. De Minister huet elo ee Mount Zäit fir z’äntweren.
Am Interview mam Tageblatt (net gratis) um Donneschden erkläert den Historiker Régis Moes, datt de Lëtzebuerger Staat zwar net direkt un der Kolonisatioun vum Kongo bedeelegt war, ma datt duerchaus Lëtzebuerger Karriär wärend dem bluddege belsche Regimm gemaach hunn. Wéi de Kongo 1960 onofhängeg ginn ass, hu 500 Lëtzebuerger, déi do gelieft hunn, missen zréckkommen.