
Wéi en héichrangege Vertrieder vun den Autoritéite sot, goufe bei enger Sprengstoffexplosioun an der Provënz Baluchistan am Südweste vum Pakistan e Sonndeg ausserdeem iwwer 50 Leit blesséiert.
Den Zuch, an deem Membere vun der Arméi an hir Familljemembere souzen, sollt vun der Provënzhaaptstad Quetta op Peschawar am Nordweste vu Pakistan fueren, wéi en op engem Zuchpassage zu Chaman Pattack vun engem Gefier, dat mat Sprengstoff beluede war, gerammt. Doduerch wier et zu enger "gewalteger Explosioun" komm, heescht et weider vum Vertrieder vun den Autoritéiten.
Op Biller vun der Plaz ass en entgleisten a staark beschiedegte Waggon ze gesinn. D'Leit sinn op der Sich no Iwwerliewenden op d'Wrack geklommen an hunn Affer voller Blutt erausbruecht. Och Gebaier a Gefierer an der Géigend goufen duerch d'Explosioun beschiedegt.
Baluchistan läit un der Grenz zu Afghanistan an dem Iran an ass déi gréisst an äermst Provënz vu Pakistan. Zanter Joerzéngte kämpfen do separatistesch Milize géint d'Sécherheetsleit, och Islamiste wéi déi pakistanesch Taliban sinn do aktiv.