An der Nuecht op en Dënschdeg ass Russland nees Loftattacken op verschidde Regiounen an der Ukrain geflunn. Besonnesch staark betraff war d’Stad Sumy am Nordoste vum Land. Hei mellen déi lokal Autoritéiten no Dronenattacke 15 Blesséierter. Donieft wiere Wunngebaier a medezinesch Ariichtunge beschiedegt ginn.
Weider Attacken hätten an der Regioun Charkiw an zu Slowjansk fir jeeweils dräi Blesséierter gesuergt. Véier weider Persoune goufen dann an der Regioun Dnipropetrowsk blesséiert.
Wéi et vun der ukrainescher Loftwaff heescht, hätt Russland an der Nuecht zwou Rakéiten an 143 Dronen op d’Ukrain geschoss. Eng vun de Rakéiten an 116 Drone wieren ofgewiert ginn.