De Joresrapport 2025 huet festgehalen, dass besonnesch och de Multilateralismus an d’Zivilgesellschaft zolidd ënner Drock stinn an och konkret attackéiert ginn.
Ee Beispill bleift d’Gazasträif, wou Israel weiderhin déi humanitär Hëllef staark kontrolléiert an och limitéiert. Mä och an anere Konflikter hunn et d’Organisatiounen ëmmer méi schwéier, esou d’Giovanna Lanni, Presidentin vun der lëtzebuergescher Sektioun vun Amnesty International.
Mä ouni dës humanitär Hëllef hëlt d’Leed nëmmen nach weider zou. Amnesty International präziséiert, et misst ee sech méi däitlech géint d’Verbrieche vu verschidde Regierunge positionéieren. Den David Pereira, Generaldirekter vun Amnesty Lëtzebuerg, warnt an deem Kader virum “Expansionismus” vu verschiddene Länner.
Et wier elo un der Politik, fir autoritär an autokratesch Dynamiken ze ënnerbannen an d’Mënschlechkeet erëm an de Vierdergrond ze stellen. Amnesty Lëtzebuerg no géif déi illegal Krichsféierung vu Länner wéi Russland, mee och den USA am Venezuela oder am Iran, geféierlech Prezedenzfäll schafen. Dowéinst erënnert Amnesty International drun, wéi wichteg et ass, d’Verbriechen och esou ze benennen. An dann och Konsequenzen dorausser ze zéien. De Generaldirekter David Pereira gëtt d’Beispill vu Spuenien an Italien, déi sech géint Waffeliwwerungen un Israel ausgeschwat hunn. Amnesty International wier net grondsätzlech géint esou Liwwerungen, präziséiert den David Pereira, ma awer net wann dorausser Krichsverbriechen oder Mënscherechtsverletzunge resultéieren.
Et wier och geféierlech, dass déi grouss Muechten, wéi d’USA oder Russland, déi international Institutioune frontal attackéieren. Genee déi Institutiounen, déi nom Krich virun 80 Joer gegrënnt goufen, fir de Fridden ze sécheren, esou de Message vun Amnesty Lëtzebuerg.
Et wier awer och net alles schlecht: Weltwäit wieren am leschte Joer vill Leit op d’Strooss gaangen, fir fir Mënscherechter ze demonstréieren an och d’Krichsverbriechen ze verurteelen. Och dat hält de Rapport vun zejoert fest. D’Zivilgesellschaft hätt eng méi grouss Sensibilitéit kritt, och wat den Impakt vun hirem Konsum ugeet.
Dësen Asaz vun der Zivilgesellschaft an de Manifestante géing Amnesty International no den Ament Mutt maachen.