GroussbritannienPremierminister Keir Starmer annoncéiert Récktrëtt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Labour-Chef e Méindeg virun der Press matgedeelt huet, demissionéiert hien no 23 Méint vu sengem Amt als brittesche Premier.
(FILES) Britain's Prime Minister Keir Starmer reacts as he prepares to leave the Elysee Presidential Palace in Paris on April 17, 2026.
© POOL/AFP/

De brittesche Premier Keir Starmer trëtt zeréck, nodeems et grouss Onzefriddenheet an Oppositioun a senger eegener Labour-Partei ginn ass. Am Joer 2024 war hie mat enger däitlecher Victoire bei de Walen un d'Muecht komm. A leschter Zäit hunn awer Skandaler a politesch Feeler seng Popularitéit staark geschwächt.

No schwaache Resultater bei rezente regionale Walen ass den Drock nach méi grouss ginn, besonnesch well d'riets Partei Reform UK däitlech un Terrain gewonnen huet.

Observateuren no kéint elo sengem Parteikolleeg a Buergermeeschter vu Manchester Andy Burnham de Wee als nächste Premierminister an och neie Chef vun der Labour-Partei fräigemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO