Jugendpsychiatrie"Wourun et wierklech feelt, sinn zoue Strukturen"

Raphaëlle Dickes
Am Nationale Service vun der Jugendpsychiatrie um Kierchbierg gi Jonker tëscht 13 an 18 Joer behandelt. Aktuell ginn et hei 30 stationär Plazen.

“Et feelt u Plazen an der Jugendpsychiatrie”, stationär an och ambulant. Esou den Appell vum Parquet d’lescht Woch nodeems e Meedchen en anert um Lampertsbierg mat engem Messer attackéiert hat. D’Aktivitéit vun der Kanner- a Jugendpsychiatrie wär vun der Dynamik vum Schouljoer ofhängeg, seet de Jugendpsychiater Dokter Gerhard Ristow vun der nationaler Jugendpsychiatrie am RTL-Interview.

Virun a wärend de Vakanze wär et méi roueg, no de Vakanze géif de Stress nees zouhuelen an der Schoul, deementspriechend géif d’Jugendpsychiatrie da méi an Usproch geholl ginn. Zäitweis gëtt et dann enk an der Jugendpsychiatrie. Patienten, déi net akut stationär behandelt musse ginn, kommen dann op eng Waardelëscht. Jugendlecher mat Angschtstéierunge beispillsweis.

Stationär Plaze ginn ausgebaut

An der Jugendpsychiatrie ass d’Zuel vu stationäre Patienten tëscht 2020 an 2025 vun 362 op 457 – geklommen. Also ëm 26%. Déi stationär Plaze wären amgaangen ausgebaut ze ginn. Esou datt ee vun aktuell 30 geschwënn op 45 Plaze kéim. Stationär wär Lëtzebuerg da relativ gutt opgestallt.

“Den wirklichen Mangel hier im Land haben wir beim Thema geschlossene Unterbringungen”, ënnersträicht den Dokter Ristow. Bei der UNISEC, wou stroffälleg Jonker hikommen, géif et u Plaze feelen. Aktuell sinn et der 12 Plazen, bis 2030 sollen et der 30 sinn.

Och den Educatiounsministère ass gefuerdert

Am pedagogesche Beräich bräichte mer zoue Strukture fir Jugendlecher, déi fortlafen, seet de Gerhard Ristow. “Das sind die Kinder, die vielleicht noch kein psychiatrisch oder nicht psychiatrisch relevantes Problemverhalten haben. Die aber ein Problemverhalten haben im Sinn von ‘wir entziehen uns durch Weglaufen den pädagogischen Gegebenheiten.’ Das ist ein Thema, das viele Kinderheime im Land beschäftigt.” Lëtzebuerg hätt hei guer näischt.

An da géif et nach eng drëtt Grupp vu Jonken, déi eng zoue Struktur bräichten: déi, déi eng Gefor fir sech selwer duerstellen. Fir dës dräi Gruppe misst ee spezifesch Plaze schafen. Et géif sech nämlech ëm psychosozial Fäll handelen, déi an d’Jugendpsychiatrie geschéckt géifen, obwuel se net dohinner gehéieren. Si géifen aner Patienten d’Plaz ewechhuelen.

Och d’Gesondheetsministesch hat op d’Kritik vum Parquet reagéiert.

Genuch stationär Plazen an der Kannerpsychiatrie?

De Gerhard Ristow freet sech awer och, wéi den nationale Service vun der Kannerpsychiatrie an der Kannerklinik mat 8-10 stationäre Plazen eens gëtt. Senger fréierer Erfarung aus Däitschland no, wären dat der vill ze wéineg, seet den Dokter Ristow. Zu Mannheim hätte se virun 2009 fir 500.000 Awunner 24 stationär Plazen an der Kannerpsychiatrie gehat. Duerch ee Plazmangel géife Problemer verschleeft ginn. Domadder hätt een haut schonn ze kämpfen.

D’Akommes wär wichteg, fir Dokteren unzezéien

“Ich persönlich empfinde es in Luxemburg zu arbeiten als sehr attraktiv, nach wie vor”, äntwert de Jugendpsychiater op d’Fro, ob et nach méi schwéier géif fir Kanner- a Jugendpsychiater op Lëtzebuerg ze kréien, nodeem datt d’Doktesch-Tariffer lo mol fir dëst Joer nach agefruer goufen. De President vun de Kannerdokteren Serge Allard hat jo leschte Freideg um Radio gesot, mat deem Geschéck géif ee sécher net méi Psychiateren op Lëtzebuerg lackelen.

D’Konzept, als liberalen Dokter am Spidol ze schaffen, géif een an Däitschland esou net fannen. Och finanziell géif hien et attraktiv fannen, zu Lëtzebuerg ze schaffen, seet de Jugendpsychiater, deen 2009 op Lëtzebuerg komm ass. Als Assistenzarzt hätt hien deemools an Däitschland 4.500 Euro de Mount verdéngt.

D’Akommes wär awer och ee vun de wéinege Punkten, mat deenen ee Kolleegen aus dem Ausland motivéiere kéint, fir heihinner schaffen ze kommen, gëtt de Gerhard Ristow zou. Déi eng géife sech schwéier doen, iwwerhaapt an d’Ausland schaffen ze goen. Fir déi aner wär d’Fräizäit-Offer immens wichteg. Vläicht kéint ee Lëtzebuerg do och nach méi attraktiv maachen, grinst de Jugendpsychiater.

Back to Top
CIM LOGO