
Mëttlerweil si schonn iwwer 200 Leit um Ebola-Virus gestuerwen. Zanter dem Ufank vun där Epidemie goufen iwwer 867 Verdachtsfäll gemellt. Dat sinn d'Zuele vun der kongoleesescher Regierung.
D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hat e Freideg vun 177 Doudesfäll bei am Ganze 750 Verdachtsfäll geschwat. Confirméiert goufe bis ewell 82 Ebol-Infektiounen a siwen Ebola-Doudesfäll am zentralafrikanesche Land. D'WHO geet dovun aus, dass déi richteg Zuelen däitlech driwwer leien. D'Lag ass besonnesch ugespaant, well et géint dës spezifesch Variant vum Ebola Virus, dem seelene Bundibugyo-Typ, weder en Impfstoff nach eng Therapie gëtt.
Am Nopeschland Uganda goufe bis ewell fënnef Infektioune mat Ebola confirméiert, eng dovu war déidlech.
D'Iwwerdroung vum Ebola-Virus geet iwwer den direkte Kontakt mat Kierperflëssegkeete vun Infizéierten, bis zu engem Ausbroch kann et bis zu dräi Wochen daueren.