Déidlecht Minnenongléck a ChinaSich no zwee Vermësste geet weider

AFP, iwwersat vun RTL
Nom uerge Minnenongléck am Norde vu China mat 82 Doudege goung e Sonndeg d'Sich no zwee Vermësste weider.

Rettungsekippe mat Schutzhelmer sinn nach an der Nuecht an d'Minn erofgeklommen, fir no den zwee Vermëssten ze sichen. "Esoulaang et Hoffnung gëtt, wäerte mir alles Méigleches mécht", zitéiert déi chineesesch Noriichtenagence Xinhua ee vun de Secouristen.

E Freideg den Owend koum et am Liushenyu-Kuelebiergwierk an der nërdlicher Provënz Shanxi zu enger schwéierer Gasexplosioun. Op d'mannst 82 Biergaarbechter si beim Ongléck ëm d'Liewe komm. Ee Moment haten Autoritéite vun 90 Doudege geschwat, dës Zuel gouf awer am Laf vum Samschdeg revidéiert.

Éischten Erkenntnisser no ginn dem Bedreiwer vum Biergwierk "uerg" Verstéiss reprochéiert, heescht et weider.

Den Ament vum Ongléck waren am Ganzen 247 Aarbechter an der Minn. 128 Minnenaarbechter koumen an d'Spidol. Méi wéi 750 Secouristen a medezinescht Personal waren am Asaz.

D'Gasexplosioun am Liushenyu-Kuelebiergwierk ass dat uergst Minnenongléck a China zanter 17 Joer. 2009 ware bei enger Explosioun an engem Biergwierk an der nordëstlecher Provënz Heilongjiang 108 Leit ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO