
Den aussepolitesche Spriecher vun der SPD-Fraktioun huet ënnerstrach, datt all Offer seriö muss gepréift ginn. Et kéint een net akzeptéieren, datt d’USA a Russland eleng iwwert d’Zukunft vun der Ukrain an iwwert d’Sécherheet um europäesche Kontinent decidéieren.
D’Zil misst et sinn, datt Europa mat um Verhandlungsdësch sëtzt. Wann d’Konditioun wier, datt de Gerhard Schröder fir Europa soll verhandelen, sollt een dat net kategoresch ausschléissen, mä mat deenen aneren europäesche Partner diskutéieren, heescht et vun der SPD.
Däitlech méi skeptesch ass d’FDP-Europapolitikerin Marie-Agnes Strack-Zimmermann. Si ënnersträicht, datt e Vermëttler an dësem Krich vun deenen zwou Säite muss akzeptéiert ginn. De Gerhard Schröder hätt an der Vergaangenheet d’Attacken op d’Ukrain net kloer genuch verurteelt.
Déi decisiv Fro wier dofir, ob d’Ukrain den SPD-Politiker an der Vermëttlerroll kann akzeptéieren, obschonn hien no der Annexioun vun der Krim virun 12 Joer weider en enke Frënd vum Vladimir Putin war a méiglecherweis och elo nach ass