
Ronn 23 Séimeile virun der Küst vun Doha ass e Sonndeg en Transportschëff vun engem onbekannte Projektil getraff ginn. Dat mellt déi brittesch Autoritéit fir maritim Sécherheet UKMTO. U Bord wier e klengt Feier ausgebrach, dat awer séier ënner Kontroll gewiescht wier. Blesséierter oder Affer si keng gemellt, an och keng Ëmweltschied. De Verdeedegungsministère aus dem Qatar huet den Tëschefall confirméiert.
Zum Virfall um fréie Sonndegmoien ass et komm, nodeems déi iranesch Revolutiounsgardë gedreet haten, US-amerikanesch Transporter an der Regioun wëllen unzegräifen. All Attack op iranesch Tanker oder aner Schëffer géife mat haarde Géigeschléi géint amerikanesch Ariichtungen an der Regioun a géint feindlech Schëffer bestrooft ginn, war e Samschdeg op den iranesche Staatsmedië gemellt ginn.
D'USA haten e Freideg zwee iranesch Schëffer ugegraff. Schonn an der Nuecht do virdru war et an der Strooss vun Hormus zu anere Gefechter komm gewiescht.
Trotz der ausgeruffener Wafferou ass de Kuwait vun Dronen attackéiert ginn. D'Arméi hätt e Sonndeg de Moien an hirem Loftraum eng Rei feindlech Dronen entdeckt an drop reagéiert, heescht et aus dem Verdeedegungsminstère. Et gëtt ugeholl, dass d'Dronen aus dem Iran komm sinn. Weider Detailer sinn net genannt ginn.