En Tram ass an enger Kéier entgleist an an eng Haltestell gerannt, wou grad Passante stounge fir ze waarden. E jonke Mann vun 23 Joer koum dobäi ëm d’Liewen, véier weider Persoune goufe blesséiert. Ënnert de Blesséierten ass och e Meedche vu 17 Joer, dat bosnesche Medien no e Been huet mussen amputéiert kréien an och weiderhin a Liewensgefor schwieft. Wéi et genee zu dësem Accident komme konnt ass bis ewell nach onkloer a gëtt vun den Autoritéite gepréift.
Opname vun enger Dashcam weisen den Ament vum Ongléck: (Warnung: D’Biller aus dem Video kéinten op verschidde Leit verstéierend wierken)