
De Chamberbüro huet Plainte gemaach géint d‘Deputéiert vun de Piraten. Dat huet de President vum Büro Claude Wiseler en Donneschdeg de Mëtteg bei enger relativ kuerzfristeg aberuffener Pressekonferenz annoncéiert.
De juristesche Service vun der Chamber huet de Spezialrapport vun der Cour des comptes iwwer d‘Finanze vun der politescher Sensibilitéit vun de Piraten déi lescht Woch ënnert d‘Lupp geholl.
De Claude Wiseler huet confirméiert, dass den Dossier jo beim Parquet deposéiert gouf. E Mëttwoch huet de Büro zousätzlech decidéiert, eng Plainte ze maachen, well et méiglecherweis grave Faite ginn. Et besteet deemno de Verdacht, dass ëffentlech Suen, déi d‘Deputéiert vun de Pirate krute fir hir parlamentaresch Aarbecht ze maachen, detournéiert goufen.
De Chamberpresident huet betount, d‘Plainte wär en Donneschdeg de Moien deposéiert ginn. Elo misst d‘Justiz hir Aarbecht maachen. Hien huet awer och intern disziplinaresch Prozedure géint d‘Piratendeputéiert an Aussiicht gestallt. Géint wéi eng Deputéiert konkret Plainte gemaach gëtt, konnt de Claude Wiseler och op Nofro hin net soen. Am Rapport vum Rechnungshaff sinn déi concernéiert Persounen anonymiséiert.
De Sven Clement an de Marc Goergen hate sech ëffentlech an der Presse Reprochë gemaach, net seriö mat de parlamentaresche Suen ëmzegoen. Doropshin hat de Chamberbüro am Juli 2024 de Rechnungshaff mat enger Analys beoptraagt.