MinnesotaAsaz vun US-Agence ICE ass offiziell eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Den US-Autoritéiten no wier Minnesota elo méi sécher.
© ROBERTO SCHMIDT/AFP

Den Asaz vun der Immigratiounsagence ICE am Minnesota ass eriwwer. Méi wéi 10 Woche laang huet e gedauert. E war ganz ëmstridden an zwee US-Bierger goufen erschoss. Den Trump hat ICE an US-Bundesstaaten agesat, déi vun Demokrate regéiert ginn.

D’Beamten haten awer besonnesch am Minnesota mat hire brutale Razzie géint Immigrante fir ganz vill Roserei a Protester am ganze Land gesuergt. Bis d’nächst Woch sollen déi ronn 2.000 Beamten, déi nach do sinn, ofgezu ginn. De Grenzschutzbeoptraagten Tom Homan behaapt, Minnesota wär elo méi sécher. Iwwer 4.000 Mënsche wäre festgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO