
Am Oste vu Frankräich sinn zwee Puppelcher dout an enger Tru fonnt ginn. Déi 50 Joer al Mamm gouf festgeholl, wéi de Parquet vu Besançon en Donneschdeg matgedeelt huet. Deemno huet d’Fra och zouginn, datt si déi zwee Puppelcher no hirer Gebuert an de Joren 2011 an 2018 an den Tifküler am Haus geluecht hat.
D’Fra sot weider aus, datt si déi zwou Schwangerschafte virun hirer Famill an hire Frënn geheim gehalen hat a a béid Kanner och heemlech doheem op d’Welt bruecht huet.
E Member vun der Famill hat en Donneschdeg d’Police alarméiert, nodeem hien d’Läich vun engem vun de Puppelcher an der Killtru vum Haus zu Aillevillers-et-Lyaumont fonnt huet. Wéi d’Police agetraff ass, hunn d’Beamten d’Läich vum zweete Bëbee fonnt.
Séier ass d’Mamm an de Fokus vum Verdacht gerutscht, déi d’Haus ouni Virwarnung am Dezember verlooss hat. Si huet do fënnef Kanner esou wéi och de Papp vu véier vun dëse Kanner zeréckgelooss, ouni nees opzetauchen. D’Mamm gouf e Mëttwoch zu Boulogne-Billancourt, engem Viruert vu Paräis, festgeholl. Am Ganze soll d’Fra néng Kanner gehat hunn, dat vun zwee verschiddene Pappen.
De Buergermeeschter vun Aillevillers-et-Lyaumont huet sech schockéiert iwwert d’Decouverte vun de Läiche gewisen. “Mir hu keng Wierder”, sot de Jean-Claude Tramesel géintiwwer der AFP. D’Koppel hätt ronn 20 Joer am Duerf gelieft, awer net do geschafft.
De Parquet huet dann och nach matgedeelt, datt d’Mamm wéinst dem Verdacht op Mord an Untersuchungshaft kënnt. Bis ewell gouf awer keng aner Persoun festgeholl, esou nach d’Präzisioun.