
“Am Virfeld vum Sommet vun Ankara solle mir eis drun erënneren, datt Eenheet a Solidaritéit déi wichtegst Critèrë fir eise Succès bleiwen”. Dat huet d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes en Donneschdeg zu Bréissel ënnerstrach, wou si ënnert anerem eng Entrevue mat hiren Homologen aus den NATO-Memberlänner hat. Donieft stoung eng informell Reunioun vum NATO-Ukrain Conseil um Programm an et war eng weider Sëtzung vum Ukrain Defence Contact Group, wou d’Ministeren aus enge 50 Länner d’Situatioun um Terrain analyséiert hunn a wou och d’Ekippement vun der ukrainescher Arméi am Mëttelpunkt stoung.
D’iwwernächst Woch ginn et véier Joer, datt Russland d’Ukrain iwwerfall huet. A grad elo am Wanter, wou Russland d’Energieinfrastrukturen attackéiert, ass d’Situatioun fir d’Populatioun besonnesch haart. Dat huet och den neien ukrainesche Verdeedegungsminister ënnerstrach. Dat wat säi Land elo brauch, si Loftverdeedegungscapacitéiten, esou seng Lëtzebuerger Homologin Yuriko Backes am RTL-Interview. Nei wier dat net, mee awer nach ëmmer néideg. Do war och um Donneschdeg nach eng Kéier de ganz, ganz dréngenden Appell, dass se do esou séier wéi méiglech Ënnerstëtzung kréien. Ech mengen d’Dronecapacitéiten, do si si entretemps, ech géif bal soe Weltmeeschter, mee géint d’Missille-Attacken, géint d’ballistesch Attacken, géint all Zort vu Loft -Attacken, do brauche se ganz, ganz dréngend Ënnerstëtzung.
Och wann d’Europäesch Unioun der Ukrain mat engem Prêt vu ronn nonnzeg Milliarden Euro wëll hëllefen, bleift déi bilateral Ënnerstëtzung bestoe, betount Yuriko Backes. Lëtzebuerg géif weider un der Säit vun der Ukrain stoen, esou wéi de Grand -Duché dat vun Ufank u gemaach hätt.
“Bis elo ass dat 414 Milliounen Euro u militärescher Hëllef, déi mir geliwwert hunn. Fir dëst Joer sinn e Minimum vun 100 Milliounen Euro virgesinn. An ech mengen och eis Contributioun hei fir d’Sécherheet vun der Ukrain, wat och zur Sécherheet vun eisem Kontinent bäidréit, ass wichteg a gëtt och geschätzt.”
An der NATO bleift de Message vun den Amerikaner dee selwechten, Europa dierf, wat d’Sécherheet ugeet, net weider vun den USA ofhängeg sinn, mee Washington léisst d’NATO net falen an engagéiert sech och weider fir eng Kollektivverdeedegung. Stéchwuert Artikel fënnef. D’USA schwätze vun enger NATO 3.0.
“NATO 1.0 nom Zweete Weltkrich wësse mer, wéi mer eis do zesummen opgestallt hunn. Duerno soen d’Amerikaner, dass si dat meescht iwwerholl hunn, dat meescht finanzéiert hunn, alles am Fong op sech geholl hunn an dass d’Contributioun vun den Europäer oder den Net -Amerikaner, do gehéiere jo och d’Kanadier dozou, dass mer eis total ofhängeg gemaach hunn, vun den Amerikaner. A mam NATO 3.0 wëlle se drop zréckkommen, dass d’Europäer am Fong fir hir eegen Sécherheet zoustänneg sinn.”
Dat wéisst een, dat géif Sënn maachen an dat géif een och ëmsetzen, heescht et vun der liberaler Verdeedegungsministesch. Vu Bréissel geet et elo weider op d’Münchener Sécherheetskonferenz, wou den amerikanesche Vizepresident J .D. Vence fir d’lescht mat senger Ried vill Leit schockéiert hat. D’Yuriko Backes rechent fir dëst Joer mat enger méi positiver a konstruktiver Ambiance.