No Doutschlag a Regionalzuch (D)Noperen zu Lëtzebuerg beschreiwe presuméierten Täter als aggressiv an als Eenzelgänger

Joel Detaille
Déi däitsch Bild-Zeitung mellt, de Mann hätt en Zëmmer an engem Haus zu Leideleng gelount.
© BORIS ROESSLER/dpa Picture-Alliance via AFP

Zu Berlin gesi sech dëse Freideg Vertrieder vum Staat, de Bundeslänner, der däitscher Bunn an de Gewerkschaften, fir ze beroden, wéi d’Sécherheet fir d’Mataarbechter am Schinnentrafic kéint verbessert ginn. Dat virum Hannergrond vun der déidlecher Attack op e Kontroller an engem Zuch a Rheinland-Pfalz d’lescht Woch.

D’Eisebunner-Gewerkschafte fuerdere fir hir Memberen, dass den Asaz vu Kierper-Kameraen erlaabt gëtt, an dass Kontrollere just nach zu zwee an de Regional-Expresser sollen ënnerwee sinn.

Den Täter, dee griichesch an albanesch Originnen huet, huet jo hei zu Lëtzebuerg gewunnt, a sëtzt zu Zweebrécken an Untersuchungshaft. Hie soll de Kontroller mat de Fäischt attackéiert hunn, wéi deen hien no sengem Ticket gefrot huet. Wéi hie kee valabelen Billjee konnt virweisen, an de Kontroller hien um nächsten Arrêt wollt aus dem Zuch schécken, koum et zum aggressive Verhalen. Dat hunn Zeie confirméiert, an et gouf och op Iwwerwaachungskameraen am Regionalexpress festgehalen.

Déi däitsch Bild-Zeitung mellt dëse Freideg, dass de Mann eréischt virun engem hallwe Joer aus Griichenland an de Grand-Duché geplënnert wär, an en Zëmmer an engem Haus an der Gemeng Leideleng gelount hätt.

E Reporter huet och mat den Nopere geschwat, déi hien als aggressiv awer och als Eenzelgänger beschriwwen hunn. Hien hätt 3 Handysnummeren gehat: eng englesch, eng däitsch an eng lëtzebuergesch.

Back to Top
CIM LOGO