Eng Autobunnsbréck, déi tëscht Lissabon a Porto läit, ass wéinst dem ville Reen a Stuerm zum Deel an de Koup gefall. “D’Vitess an d’Kraaft vum Waasser... et ass eng absolut anormal Situatioun”, sot de portugiseschen Infrastrukturminister Miguel Pinto Luz, deen sech d’Bréck e Mëttwoch ukucke war. Dem aktuelle Stand no wier beim Tëschefall awer kee blesséiert ginn.
Dem Minister no géif et awer wuel nach “Wochen daueren, bis d’Infrastruktur nees operationell ass”. Den Deel vun der Streck, op där d’Bréck ass, gouf elo fir den Trafic a béid Direktiounen zougemaach, nodeem e Mëttwoch Deeler vun engem Däich gebrach waren. De Kollaps koum dunn e puer Stonne méi spéit.
Eng 15 Camionen déi mat Steng a Bauschutt beluede waren, goufe kuerz drop op d’Plaz geschéckt, fir d’Plaz, wou de Broch entstanen ass, ze verstäerken. Den Zesummebroch koum no den déidleche Stierm, déi Portugal an den leschten zwou Woche beschäftegt an d’Infrastruktur vum Land op ville Plazen op d’Prouf gestallt hunn.
E Mëttwoch war dann och en Zuch an der Géigend vun der Stad Abrantes entgleist, nodeem dësen Debrisen, déi op d’Streck gefall waren, getraff hat.
Nodeem d’Stierm Kristin, Leonardo a Marta d’Land getraff haten, gouf et Mëtt dëser Woch eng weider Alerte, dat wéinst dem ville Reen, deen zu Iwwerschwemmunge féiere kann. “A just zwee Deeg ass a Portugal ronn 20 Prozent vum Reen erofkomm, deen ee soss am ganze Joer huet”, sot d’Ëmweltministesch Maria de Graca Carvalho. Den Inneminister ass dann en Dënschdeg op massiven Drock vu Baussen zeréckgetrueden.
D’Regierung steet wéinst hirem Krisemanagement ënner Drock an muss sech e Freideg am Parlament de kritesche Froe stellen.