13 Joer ale Jong ugestouss a geflüchtTréierer Police sicht ëmmer nach no Auto mat Lëtzebuerger Placken

RTL Lëtzebuerg
De Fall geet schonn op den 28. Januar zeréck, mee nach ëmmer hofft d'Polizeiinspektion Trier op Hëllef aus der Ëffentlechkeet.
Den Accident war an der Géigend vun der Gare zu Tréier.
Den Accident war an der Géigend vun der Gare zu Tréier.
© Via Wikipedia: Zv0486~commonswiki

Wat war geschitt? Den 28. Januar, engem Mëttwoch de Moien ëm 7.40 Auer, ass zu Tréier net wäit vun der Gare een 13 Joer ale Jong ugestouss ginn. Hie war am Beräich vun der Kräizung Roonstraße / Theodor-Heuss-Allee mam Vëlo ënnerwee, wou hie vun engem Auto erfaasst gouf. Den Auto war der Tréierer Police deen Ament och op der Roonstraße ënnerwee, ma hat de Jong um Vëlo warscheinlech iwwersinn, wou hien an d’Theodor-Heuss-Allee wollt erafueren.

De Chauffer krut de jonke Cyclist ze paken, deen doropshi vum Vëlo gefall ass a liicht blesséiert gouf. Amplaz stoen ze bleiwen a sech ëm de blesséierte Jong ze këmmeren, huet de Chauffer vum Auto mat de Lëtzebuerger Placke sech duerch d’Bascht gemaach. D’Police sicht elo nom groen Auto, deem seng Placke mat “CT” ufänken.

Zeien, déi Hiweiser am Kader vum Accident kënne ginn, si weiderhi gebieden, sech bei der Polizeiinspektion Trier ze mellen. Fir Leit aus Lëtzebuerg geet dat iwwer d’Telefonsnummer 0049 651-98344150 oder per Email un pitrier.wache@polizei.rlp.de.

Back to Top
CIM LOGO