Wéinst DrogekrichDe Prozess géint de philippinneschen Ex-Präsident Duterte fänkt zu Den Haag un

AFP, iwwersat vun RTL
E Méindeg fänkt zu Den Haag an Holland de Prozess géint de fréiere philippinneschen President Rodrigo Duterte um Internationale Strofgeriichtshaff un.
© AFP

Schonn am Joer 2021, nach wärend der Amtszäit vum Ex-Präsident, hat den IStGH wéinst dem Duterte segnem “Drogekrich” Ermëttlungen ugefrot. 2025 gouf hien dunn an der philippinnescher Haaptstad Manila festgeholl an a Richtung Holland bruecht.

Um éischte Prozessdag wäert de mëttlerweil 80 Joer alen Duterte net selwer viru Geriicht stoen. Am Raum steet de Virworf, dass de Kampf géint Drogen, den den Duterte als
philippinneschen President vun 2016 bis 2022 gefouert huet, e Verbrieche géint d’Mënschlechkeet duerstellt.

Sécherheetsbeamten hunn deemools dausende presuméiert Drogenhändler an Drogekonsumenten ëmbruecht. Mënscherechtsaktivisten no louche géint vill Persounen, déi sou ëmkomm sinn, iwwerhaapt keng konkret Virwërf vir. Virun allem Persounen aus méi aarme Verhältnisser goufen heibäi dacks an d’Viséier geholl.

Back to Top
CIM LOGO