No Doud vun Drogeboss Nemesio "El Mencho"Massiv Onrouen a Mexiko

RTL Lëtzebuerg
Eng Partie amerikanesch Fluchgesellschaften hu Flich a Richtung Mexiko annuléiert.
© DANIEL CARDENAS/Anadolu via AFP

Massiv Onrouen a Mexiko, dat nom Doud vun engem Drogeboss. Op verschiddene Plazen am Land, och Touristen-Destinatiounen, hu schwéier arméiert Droge-Banden Autoen a Geschäfter a Brand gestach. Och Base vun der Nationalgarde sollen attackéiert gi sinn. Et gouf Doudeger a Blesséierter.

D’mexikanesch Presidentin Sheinbaum huet zur Rou opgeruff.

Länner wéi d’USA, Kanada an Däitschland hunn hier Bierger opgefuerdert, sech a Sécherheet ze bréngen.

De Cartel-Chef vu Jalisco Nueva Generación, genannt Nemesio “El Mencho”, war ee vun de meeschtgesichten Drogebossen. Hie gouf vum mexikanesch Militär erschoss. D’USA haten eng Belounung vu 15 Milliounen Dollar ausgesat, fir Indicen, déi zu senger Verhaftung géife féieren.

D’mexikanesch Arméi huet eegenen Informatiounen no mat den US-Autoritéiten zesummeschafft, fir den El Mencho z’erwëschen. Nieft him wieren nach 6 weider presuméiert Bandemembere ëm d’Liewe komm an dräi Zaldote wiere verwonnt ginn. Zwee presuméiert Membere vun enger Drogeband wiere festgeholl ginn an eng grouss Unzuel vu Waffen hätt kënne séchergestallt ginn.

E sëllegen Autoe goufen a Brand gestach, wouduerch vill Stroossen net méi ze befuere waren. Et war d'Reaktioun op den Doud vum Drogeboss "El Mencho".
E sëllegen Autoe goufen a Brand gestach, wouduerch vill Stroossen net méi ze befuere waren. Et war d’Reaktioun op den Doud vum Drogeboss “El Mencho”.
© ULISES RUIZ/AFP

Zu Jalisco, do wou am Summer och 4 Matcher vun der Futtballweltmeeschterschaft solle gespillt ginn, sinn all gréisser Veranstaltungen fir dëse Méindeg ofgesot, grad wéi och de Presenzunterrecht an de Schoulen.

Nordamerikanesch Fluchgesellschaften hu wéinst de gewaltsamen Ausschreidungen a Mexiko eng Rei Flich gestrach. United, Southwest an Air Canada fléien ënner anerem Puerto Vallarta, Guadalajara an Manzanillo virleefeg net méi un; e puer Maschinnen, déi schonn ënnerwee waren, hu missen d’Kéier maachen. Och verschidde Futtballmatcher goufe wéinst der Gewalt ofgesot.

Den US-Ausseministère huet US-Bierger am Land dozou opgeruff, sech op der Plaz a Sécherheet ze bréngen an do ze bleiwen. D’kanadesch Regierung huet en änleche Warnhiweis erausginn a recommandéiert, onopfälleg ze bleiwen an d’Uweisunge vun den Autoritéiten ze suivéieren – besonnesch an de Bundesstaaten Jalisco, Michoacán a Guerrero.

Den amerikanesche Vize-Ausseminister Christopher Landau huet den Asaz vun der mexikanescher Arméi begréisst an den “El Mencho” als ee vun de bluddegsten an onbaarmhäerzegsten Drogebosse bezeechent. Säin Doud wier eng wichteg Entwécklung fir Mexiko, d’USA an d’Regioun.

D’Kartell Jalisco Nueva Generación, dat den “El Mencho” 2009 gegrënnt hat, gëllt als ee vun de gewaltsaamsten Drogennetzwierker am Land a steet am Verdacht, grouss Quantitéiten u Kokain, Heroin, Methamphetamin a Fentanyl an d’USA geschmuggelt ze hunn. Et ass och eng vun den Organisatiounen, déi den deemolegen US-President Donald Trump als terroristesch Grupp agestuuft hat.

Den Doud vum “El Mencho” gëtt als dee bedeitendste Schlag géint mexikanesch Karteller ugesinn, zanter der Festnam vun de berüchtegte Bossen Joaquín “El Chapo” Guzmán an Ismael “El Mayo” Zambada, déi an den USA agespaart sinn.

Back to Top
CIM LOGO