Korrespondenz aus den USATrump-Direktiven decidéiere sech virun de Geriichter

RTL Lëtzebuerg
Duerch seng sëllegen Direktive regéiert den US-President Donald Trump ouni de Kongress.
© AFP/Mandel NGAN

Mee och wann d’Demokraten am Representantenhaus an am Senat net vill kënne maachen, fir hien ze bremsen, sou heescht dat awer net, dass et keng Oppositioun gëtt.

D’Oppositioun géint dem Donald Trump seng Politik spillt sech manner am Kapitol zu Washington of, wéi an de Geriichtssäll queesch duerch d’Land. Méi wéi 150 Plaintë si bis elo géint Decisioune vum Donald Trump a senger Regierung deposéiert ginn.

US-Korrespondenz vum Georges Zens

Bei ronn 20 Prozent vun deene Plaintë geet et ëm d’Immigratioun, an haaptsächlech ëm d’Deportatioun vun Immigranten, besonnesch an den El Salvador, wou se an engem notoreschen Anti-Terrorismus-Prisong internéiert ginn.

Aner Plaintë riichte sech géint den Ofbau vun Aarbechtsplazen an der Fonction publique, géint d’Ëmännerung vum Nationalitéitegesetz, géint d’Efforten alles wat mat Diversitéit, Equitéit an Exklusivitéit ze dinn huet auszemäerzen, géint d’Nei-Reglementatioun vun de Walgesetzer, géint Budgetskierzungen, an allgemeng géint de Schued, deen dem Elon Musk seng Vandalen an deene verschiddenen Administratiounen uriichten.

Déi Plaintë maache méi oder manner séier hire Wee duerch d’Instanzen, vum federalen District-Riichter bis zum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA.

Mee d’District-Riichter u sech hu scho vill Pouvoiren, well een eleng kann duerch eng Injonctioun, déi fir dat ganzt Land gëllt, eng Exekutivdecisioun blockéieren. Dat ass a bal engem Drëttel vun de Fäll bis elo geschitt.

Dobäi schéngt et keng Roll ze spillen, ob déi Riichter vun engem Demokrateschen oder engem Republikanesche Präsident, inklusiv Donald Trump, op hir Poste genannt goufen. Dat ass iwwregens och de Fall, wann d’Geriichter der Regierung Recht ginn, wat bis elo ronn 40 Mol de Fall war.

D’Plaintë komme souwuel vun eenzele Staaten, wéi och vu Gewerkschaften, Privatpersounen oder ONGen, dorënner besonnesch der American Civil Liberties Union.

No de Bezierksgeriichter ginn d’Fäll un d’Appellsgeriichter an dann, eventuell, op den Ieweschte Geriichtshaff. Deen huet bis elo e puer Mol kuerz intervenéiert, allerdéngs meeschtens just provisoresch.

Esou kann et gutt sinn, dass déi lescht Wierder eréischt geschwat ginn, wann den Donald Trump schonn net méi President ass.

Eng Decisioun allerdéngs ass elo definitiv: Den Ieweschte Geriichtshaff huet eestëmmeg decidéiert, dass een Immigrant, den iertemlecherweis an den El Salvador deportéiert gouf, nees muss zréckbruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO