
Den US-President Donald Trump fënnt, den Iran sollt de wäisse Fändel eraushuelen an opginn. Si sollen "dat Verstännegt" maachen an hätte keng Chance ze gewannen, esou den Trump haut am Wäissen Haus. D‘USA wéilte schliisslech net mussen do amarschéieren a Leit ëmbréngen.
Zanter Woche schwätzt den US-President de Konflikt am Noen Oste kleng. Am Mäerz hat hie vun engem "klengen Ausfluch" geschwat fir dat US-amerikanescht Militär, ugangs der Woch hat hien d'Ausenanersetzung e "Mini-Krich" genannt an en Dënschdeg ass vun engem "klenge Sträit" rieds gewiescht.
Iwwerdeems huet den US-Ausseminister Marco Rubio en Dënschdeg gesot, dass déi offensiv Phas vum Konflikt mam Iran eriwwer wier. Si wieren iwwert dee Stadium eraus, sou de Rubio op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus zu Washington.
De Support an der Populatioun fir dëse Krich gëtt entretemps ëmmer méi kleng. Engem Sondage no fanne bal zwee Drëttel vun den Amerikaner, dëse Militärasaz wier e Feeler. Just all Fënnefte gleeft nach dem Trump, datt dëse Krich e Succès fir d‘USA wier. Kuckt een op d‘Republikaner eleng, ass d‘Bild e bëssen anescht. Hei fannen nach knapp 80 Prozent vun de Leit, datt de Krich richteg ass.