Südlech vun de PhilippinnenOp d'mannst 15 Doudeger no schwéierem Äerdbiewen

RTL mat AFP
E Biewe mat der Stäerkt vu 7,8 op der Richterskala huet am Süde vun de Philippinne fir op d'mannst 15 Doudesaffer gesuergt. An der Regioun war duerno Tsunami-Alarm ausgeléist ginn.
Besuergten Awunner gesi gréisser Schied op de soziale Medien
Besuergten Awunner gesi gréisser Schied op de soziale Medien
© DANIEL CENG/Anadolu via AFP

Schwéiert Äerdbiewen e Méindeg de Moie fréi virun der Küst vun de Philippinnen. De Buedem huet mat enger Stäerkt vu 7,8 Punkten op der Richterskala geziddert. Doropshi gouf direkt eng Tsunami-Warnung fir d’Philippinnen a fir Indonesien declenchéiert. Awunner vu Küstegebidder waren opgeruff, an d’Hannerland ze flüchten. Mëttlerweil ass d'Warnung awer opgehuewe ginn.

Op d'mannst 15 Persoune wieren ëm d'Liewe komm, mellen déi lokal Autoritéiten um Méindeg de Moien, ronn 130 Blesséierter si bis ewell gezielt ginn. De philippinnesche President Ferdinand Marcos Jr. huet all zoustänneg Autoritéiten opgeruff, Hëllefs- a Schutzmesuren ze treffen. Eng Rei Gebaier wieren an e Koup gefall, dorënner e kompletten Akafszenter.

Den Epizenter vum Biewe mat enger Stäerkt vu 7,8 war ronn 24 Kilometer westlech vun der Provënz Sarangani op der Insel Mindanao an enger Déift vun zirka 35 Kilometer. Kuerz drop koum et a 67 Kilometer Déift nach zu engem Nobiewe vu 6,1 an där selwechter Regioun. Dem Tsunami-Warnzenter fir de Pazifik no war laanscht d'Côtë vun de Philippinnen, Indonesien, Palau, Taiwan a Papua-Neuguinea mat héije Wellen ze rechnen. Och Japan hat eng Warnung erausginn.

Op d'mannst 15 Doudeger no schwéierem Äerdbiewen
E Biewe mat der Stäerkt vu 7,8 op der Richterskala huet am Süde vun de Philippinne fir op d'mannst 15 Doudesaffer gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO