
D’Geschéien, dat eng Well vu Revolten ausgeléist huet, war Sujet a ganz ville Bäiträg a Sozialen Netzwierker, déi zum Deel dorop ofgeziilt hunn, d’Affer vun de Policeschëss, den Alex Pretti, ze diskreditéieren, andeem falsch Informatiounen iwwer hie verbreet goufen. D’AFP huet e puer vun de viraalsten Desinformatiounen, déi am Ëmlaf sinn, iwwerpréift.
Nom Doud vun der Renée Good, déi de 7. Januar vun engem Beamte vun der federaler Awanderungspolice (ICE) erschoss gi war, gouf de 37 Joer alen amerikaneschen Infirmier Alex Pretti de 24. Januar vu Beamte vun der Grenzpolice (CBP) zu Minneapolis erschoss, wéi Awunner géint d’Presenz an d’Methode vun dëse federale Beamten an der Stad protestéiert hunn.
D’Trump-Regierung huet direkt behaapt, de Mann hätt d’Intentioun gehat, eng Attack op d’Beamten ze verüben, an den amerikanesche President gouf dem “vun den Demokrate verursaachte Chaos” d’Schold (Link hei archivéiert).
E puer Deeg no der Dot gouf dem Kongress e Rapport vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet virgeluecht, an deem verséchert gëtt, dass den Alex Pretti, dee legal eng Pistoul gedroen hat, sech dem d’Festhuelen duerch e maskéierte Polizist widdersat hätt. An dësem Rapport gouf awer net d’Behaaptung beluecht, hien hätt eng Attack op d’Police geplangt (archivéierte Link).
Dësem Dokument no, dat eng detailléiert Chronologie enthält, hat e Polizist versicht, den Alex Pretti an eng Fra festzehuelen. Béid ware mat Trillerpäiffen ekipéiert an hate refuséiert, d’Strooss ze verloossen. “De Pretti huet sech de Beméiunge vum CBP-Personal widdersat an et koum zu engem Kampf”, heescht et am Rapport. “Wärend dem Kampf huet e Polizist e puermol gejaut: ‘Hien huet eng Waff!’ Ongeféier fënnef Sekonne méi spéit huet e Polizist seng Glock 19 an en anere Polzist seng Glock 47" op d’Affer “geschoss”. Sou steet et am Dokument.
Den Alex Pretti hat eng Pistoul bei sech, fir déi hien e gültege Waffeschäin hat, well d’Gesetzer vum Bundesstaat Minnesota d’verdeckt Droe vun enger Schosswaff erlaben. Mee Videoopname vum Virfall, déi vun der AFP an anere Medien analyséiert goufen, maachen d’Behaaptung, den Infirmier hätt d’Police bedrot, onglafwierdeg. A besonnesch d’Aussoe vum Greg Bovino, engem héichrangege Beamte vun der Grenzpolice, deen op enger Pressekonferenz gesot hat, dass hie “méiglechst vill Schued uriichten a Membere vun de Forces de l’ordre massakréiere wollt” (Link hei archivéiert).

Authentesch Biller weisen den Alex Pretti mat engem Telefon an der Hand op enger verschneiter Strooss, wéi hien arméiert Männer a Gilete mat der Opschrëft “Police” filmt. Hie geet dotëscht, wéi e Beamten eng Demonstrantin um Trottoir op de Buedem gehäit, a kritt doropshin Tréinegas an d’Ae gesprutzt. E Beamten dréckt hien doropshin op de Buedem an en anere Kolleeg gräift an, fir him Handschellen unzeleeën.
E puer Sekonne méi spéit, wéi e gro gekleete Beamten eng Waff aus dem Rimm vum Alex Pretti ze zéie schéngt, dee vun e puer Poliziste mam Knéi op de Buedem gedréckt gëtt, fält e Schoss. D’Agente weechen direkt zeréck an duerno ginn aus der Distanz weider Schëss op den net bougéierende Kierper ofginn. Op d’mannst zéng Schëss sinn ze héieren.
Op de Videoen, déi vun der AFP analyséiert goufen, schéngt de 37 Joer ale Mann zu kengem Zäitpunkt ze versichen, no senger Waff ze gräifen, a seng Hänn sinn op de Buedem gedréckt, wéi den éischte Schoss fält. D’Videoanalyse vun zéng Medien, dorënner d’Washington Post, d’New York Times an den investigative Medium Bellingcat, koumen zu de selwechte Resultater (Links hei , hei an hei archivéiert).
Dat huet awer net verhënnert, dass Desinformatiounen, déi aus enger Mëschung vun Deelanalysen a manipuléierte Biller bestinn, an de Sozialen Netzwierker viral goungen.
Eng Montage, déi den Infirmier weist, wéi hien op ee vun den ICE-Beamten op der Plaz ziilt, gouf an de Sozialen Netzwierker massiv gedeelt. Se weist den Alex Pretti mat enger Pistoul an der Hand, déi hien op d’Broscht vum maskéierte Mann riicht. Verschidden Internetnotzer hu behaapt, hien hätt ugefaangen, op d’Beamten ze schéissen.

Mee dës Foto ass a Wierklechkeet eng Montage, wéi och de Wénkel vum Video, aus deem e gefilmt gouf, beweist: Et handelt sech heibäi ëm en Handyvideo, deen aus dem Auto vum Internetnotzer @dangjessie opgeholl an de 24. Januar op Instagram eropgeluede gouf (Links hei an hei archivéiert). D’Bildbeschreiwung ass: “Haut de Moien um Wee op d’Aarbecht fuere mir laanscht eppes, wat sech zu enger weiderer Schéisserei zu Minneapolis ausgeweit huet. Ech fanne keng Wierder. Dat muss ophalen.”
Op de Biller ass ze gesinn, dass den Alex Pretti keng Pistoul, mee en Handy an der Hand hält, deen hie bis zu sengem Doud net méi aus der Hand ginn huet.

D’Montage gouf ënner anerem vu franséische Politiker wéi dem Delegéierte vum Rassemblent national du Cher Philippe Steens a vun der RN-Aktivistin Marion Ceccato verbreet, deenen hir Bäiträg mëttlerweil geläscht goufen. Aner Notzer, dorënner de fréiere Beroder vum Rassemblement national Tanguy Cornec, hunn e Bundesagent fälschlecherweis als den Alex Pretti duergestallt.

Et handelt sech a Wierklechkeet ëm den Agent, deen dem Alex Pretti d’Waff ofgeholl huet. Hien huet eng méi däischter Box, en Helm an eng Kagull un.

Den taktesche Gilet, deen hien als Member vun der federaler Police ausweist, ass iwwregens op de Biller ze gesinn, déi an den ierféierende Publikatioune gedeelt goufen.
Aner Notzer hu behaapt, den Alex Pretti hätt seng Waff aus dem Etui gezunn, wéi d’Polizisten versicht hätten, hien ze iwwerwältegen, nodeem si hien op de Buedem gehäit haten. Doduerch wär ee Polizist dozou forcéiert gewiescht, op hien ze schéissen. Dës Theorie gouf duerch Dausende vu Bäiträg gestäipt, déi eng no Opnam vum Infirmier weisen, deen en däischtere Géigestand op Hëfthéicht ze hale schéngt.
A Wierklechkeet handelt et sech awer ëm eng retouchéiert Vue vun enger méi grousser Foto, déi mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) beaarbecht gouf. Hei goufe visuell Géigestänn bäigefléckt, déi op den Originalbiller net ze gesi sinn.

Mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich léisst sech d’Quell vun dësem Bild fannen, dat de 25. Januar 2026 op der Plattform X an englescher Sprooch verëffentlecht gouf. D’Bild, dat an den ierféierende Publikatioune gedeelt gouf, ass eng op den Alex Pretti fokusséiert Versioun. Eng Rei Unzeechen deiten dorop hin, dass et duerch Kënschtlech Intelligenz verännert gouf: Ee vun den ICE-Beamten huet kee Kapp, a seng Bee stinn an engem onrealistesche Wénkel nieft engem net identifizéierbaren Objet, deen an den authentesche Videoen net ze gesinn ass.

Dat duerch KI verännert Bild staamt selwer aus engem vun den Handyvideoe vun der Zeen, déi vun Zeien aus verschiddene Wénkelen opgeholl goufen. Eng déifgräifend Iwwerpréiwung mam Analysstool Forensically huet et awer net erlaabt, erauszefannen, wat den Alex Pretti an der Hand huet - mee d’Analys vum Videomaterial weist awer, dass den Alex Pretti schonn desarméiert war, wéi den ICE-Beamten den éischte Schoss ofginn huet.
Et handelt sech warscheinlech ëm säin Telefon oder säi Brëll, deen hien den Videoanalysen no bis zu sengem Doud an der Hand hat.

Den Hany Farid, Professer op der School of Information vun der University of California zu Berkeley, huet géintiwwer der AFP erkläert, dass de vun him matgegrënnte GetReal Security Lab och zur Schlussfollgerung komm wär, dass et sech beim Bild ëm eng KI-Verbesserung vun engem echte Videobild handele géif (Link hei archivéiert). Hien huet erkläert, dass dës Manéier vu KI-Generéierung populär gi wär, well Notzer versiche géifen, aus schlechten Originalvideoe kloer Biller ze produzéieren. “De Problem mat dëse Biller ass, dass d’KI-Verbesserung dozou tendéiert, Detailer ze halluzinéieren”, huet hien an enger E-Mail vum 26. Januar 2026 geschriwwen.
Fir d’éischt goufen déi viral Bäiträg, déi Honnertdausende vu Views generéiert hunn an dausendfach gedeelt goufen, op Englesch verbreet, dunn och op Franséisch, wou angeeblech eng Foto vum Alex Pretti dobäi war.
An de Bäiträg waren dacks homophob Äusserungen dran, déi hien als “Ultralénksen” an “Antifa(schist)” bezeechent hunn, wéi déi lénksextreem Aktivisten an den USA vun der Trump-Regierung genannt ginn. D’federal Police huet dës Leit bei den Aktiounen an de grousse Stied, déi vun Demokrate geleet ginn, als Zil.
De Mann op der Foto ass awer net den Alex Pretti, mee den amerikanesche lénksextreemen Aktivist Kyle Wagner.

Bei enger ëmgekéierter Billersich, mat där Publikatiounen erëmfonnt gi kënnen, gouf dës Foto erëmfonnt an d’Identitéit vum Mann konnt dem amerikaneschen Aktivist Kyle Wagner zougeschriwwe ginn. E Verglach vun den Tätowéierunge vum Mann op der Foto mat deenen op Fotoen vum Instagram-Profil vum Kyle Wagner huet confirméiert, dass et sech ëm déi selwecht Persoun handelt.

Dësen huet seng Konten desaktivéiert an erkläert, hie wär “op der Flucht”, nodeem hien an engem Video zu “direkten Aktioune” géint ICE-Agenten opgeruff hat, wéi de konservative Fernseesender “Fox News” gemellt hat (Link hei archivéiert).
Dräi Deeg nom Doud vum Alex Pretti haten Internetnotzer d’Behaaptung verbreet, den Infirmier wär dräi Méint viru sengem Doud vun der Klinick, an där hie geschafft huet, “entlooss” ginn, well et “beonrouegend Plaintë” vu Famillje vu Patienten wéinst “perversen Handlungen u vulnerabele Leit” am Déngscht ginn hätt.

D’Publikatiounen an englescher a franséischer Sprooch goufen zéngdausendfach ugeklickt an honnertfach gedeelt. Se stäipe sech op d’Ausso vun enger gewësser “Elena Vasquez”, der “Direktesch” vum Etablissement, an där den Alex Pretti geschafft hu soll, dem sougenannte “Lakeshore Medical Center” am Bezierk Columbus a Minnesota.
Mee dës Behaaptunge si falsch: Den Alex Pretti war zum Zäitpunkt vu sengem Doud am Spidol fir Veteranen zu Minneapolis ugestallt, d’Doktesch Elena Vasquez schéngt net ze existéieren an den Artikel gouf warscheinlech mat Hëllef vu KI verfaasst.

Eng Stéchwierdersich, déi den Numm vun der angeeblecher Direktesch mam Numm vum Etablissement, dem “Lakeshore Medical Center”, kombinéiert, huet keng Online-Presenz vun enger Persoun mat dësem Numm fonnt, déi dës Funktioun ausüübt. Eng Sich am Regëster vum Gesondheetsministère vu Minnesota weist ausserdeem, dass et weeder am Bezierk Columbus nach anzwousch anescht am Bundesstaat en Etablissement mam Numm “Lakeshore Medical Center” gëtt.
De 26. Januar huet d’Federatioun vun den amerikanesche Fonctionnairen (AFGE) an engem Communiqué dem Infirmier geduecht an uginn, dass hien op der Intensivstatioun vum Veterans Medical Center zu Minneapolis beschäftegt war, wou hie “säi Liewen dem Déngscht un den amerikanesche Veterane dediéiert” hätt (Links hei an hei archivéiert).
D’Internetsäit, vun där d’Desinformatioun koum, “BUZZREPORT247", gouf am Juli 2025 erstallt a schéngt just Artikelen ze enthalen, déi mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert goufen. Eng Analys mam Verifizéierungstool InVID-WeVerify, dat an Zesummenaarbecht mat der AFP entwéckelt gouf, hat als Resultat, dass den Text vum Artikel mat héijer Warscheinlechkeet bal vollstänneg vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf.

Am Artikel sinn ausserdeem Inkohärenzen dran: E behaapt, den Alex Pretti wär 42 Joer al gewiescht, obwuel hien zum Zäitpunkt vu sengem Doud 37 Joer als war, an hien hätt “net op Kommentarufroe” vu “Medie” reagéiert, obwuel den Artikel dräi Deeg no sengem Doud publizéiert gouf.
E puer Deeg no der Dot gouf eng aner Zort Video massiv an de Sozialen Netzwierker verbreet: E weist maskéiert Infirmieren, déi engem Verstuerwenen an engem mat dem amerikanesche Fändel bedeckte Sarg déi lescht Éier erweisen. De Video gouf net just vun enger Abberzuel Internetnotzer, mee och vun internationale Medie verbreet.
An engem vun de Bäiträg heescht et: “Hommage un d’Klinick zu #Minneapolis, an deem den Infirmier, dee vun #ICEGESTAPO ëmbruecht gouf, geschafft huet.”

Eng Rëtsch Elementer geheien awer Froen op, wéini d’Sequenz gedréint gouf: Zum enge gëtt a kenger Publikatioun d’Quell vun de Biller genannt, wougéint de Veterans Medical Center zu Minneapolis iwwer seng regulär Kommunikatiounskaneel oder seng Konten a Sozialen Netzwierker kee vergläichbare Video eropgelueden huet (Links hei an hei archivéiert).
Anerersäits droen d’Infirmièren an Infirmieren am Gank chirurgesch Masken, an um Buedem sinn nei Covid-19-Distanzmarkeren ze gesinn, wat dorop hindeit, dass de Video wärend der Covid-Pandemie gedréint gouf.

De Kommunikatiounsdepartement vum Minneapolis Veterans Health System, dee fir de Betrib vun der Klinick, an där den Alex Pretti geschafft huet (de “Minnesota VA”), responsabel ass, huet dat op AFP-Ufro vum 27. Januar dementéiert: “Ech kann Iech confirméieren, dass de Video net am Minneapolis VA gedréint gouf, a mir hu keng weider Informatiounen doriwwer”, huet d’Klinick den 28. Januar geäntwert (Link hei archivéiert).
De Verifikatiounsmedium “Snopes” huet e Faktencheck iwwer de selwechte Sujet publizéiert an e Facebook-Post zitéiert, deen en authenteschen Hommage un den Alex Pretti ze weise schéngt (Links hei an hei archivéiert). Den Notzer gëtt un, de Bäitrag wär am Veteranespidol zu Minneapolis gedréint ginn, a schreift am Text “Eng Gedenkminutt fir den Alex Pretti. E Kolleeg vun eis!! Hie soll a Fridde rouen.”

Am Video sinn Infirmieren an Infirmièren, déi an zwou Reie stinn, ze gesinn, déi meescht vun hinnen hu keng Mask hunn, an de Buedem ass och anescht wéi deen am a Sozialen Netzwierker gedeelte Video. Eng Sich am Beruffsnetzwierk LinkedIn féiert bei de Profil vum Notzer Garrett Peterson, deen d’Hierkonft vun dëser Publikatioun ze si schéngt. Sengem Profil no schafft hien zënter 1995 als Infirmier am Veteranespidol (Link hei archivéiert).
E Facebook-Post weist hien, wéi hie säin 30. Joresdag am Minnesota VA feiert, an eng Sich am Regëster vum Bundesstaat Minnesota confirméiert, dass hien do tatsächlech als Infirmier registréiert ass (Link hei an hei archivéiert).

Op d’mannst véier Leit sinn zënter Ufank 2026 gestuerwen, wärend si vun ICE-Agente festgehal goufen, an op d’mannst 30 am Joer 2025. Et war dat déidlechst Joer zënter der Grënnung vun dëser Policeeenheet am Joer 2004, wéi aus offizielle Statistiken ervirgeet (Link hei archivéiert).
Zwanzeg Deeg virum Doud vum Alex Pretti war d’amerikanesch Biergerin Renée Good op der Strooss erschoss ginn. och hei hat hiren Doud eng Well vu Revolten ausgeléist, awer och vun Desinformatiounen a Sozialen Netzwierker. D’AFP huet eng Rei dovun iwwerpréift (hei an hei).
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.