
An Indonesien ass d’Zuel vun den Doudegen eng Woch no engem schwéiere Äerdrutsch op op d’mannst 53 geklommen. Zéng Persounen ginn nach ëmmer vermësst. Dat huet de Chef vun de Rettungsekippen, Ade Dian Permana, e Samschdeg matgedeelt.
Am Duerf Pasirlangu an der Regioun West‑Bandung hat staarke Reen den Äerdrutsch ausgeléist. Méi wéi 50 Haiser goufen zerstéiert oder schwéier beschiedegt, an ëm déi 650 Awunner hu misse flüchten. D’Rettungsekippen – ënnerstëtzt vum Militär, der Police a ville Fräiwëllegen – hunn Deeg laang an de Schlammmassen no Iwwerliewenden a Vermësste gesicht.
D’Marine huet bestätegt, datt 23 Zaldoten, déi an der Géigend am Training waren, ënnert den Affer sinn. Den Asaz vun den Hëllefsekippen, deels mat bloussen Hänn, deels mat schwéiere Gefierer, bleift wéinst dem schlechte Wieder schwéier. Et besteet och d’Gefor vu weideren Äerdrutscher. D’Rettungsaarbechte sollen nach bis Freideg verlängert ginn.
Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher trieden an Indonesien an der Reenzäit vu Oktober bis Mäerz dacks op. Ëmweltexperte warnen awer, datt déi massiv Ofholzung vun de Bëscher d’Risike weider erhéicht. Bëscher stabiliséieren de Buedem an hëllefe Reewaasser opzehuelen. Ouni se gëtt de Buedem méi destabiliséiert. Laut dem Projet The TreeMap’s Nusantara Atlas goufen 2024 iwwer 240.000 Hektar Urwald zerstéiert.