
An dësen Dokumenter ginn dann och prominent Nimm wéi den Donald Trump, Bill Gates, Elon Musk an de fréiere Brittesche Prënz Andrew, Brudder vum Kinnek Charles, genannt. D’Demokraten an den USA kritiséieren, datt d’US-Regierung d’Dokumenter eréischt no an no publizéiert, dat fir den Donald Trump ze schützen.
De Justizministère dogéint huet preziséiert, datt een d’Identitéite vun den Affer an de villen Dokumenter huet misste schwäerzen. Dësen Opwand hätt méi laang gedauert.
Aus de verëffentlechten Dokumenter konnt dann och kee perséinlecht Feelverhale vum aktuellen Amerikanesche President bis elo nogewise ginn.
Dem Milliardär Jeffrey Epstein gëtt jo virgehäit, dausende jonk Fraen a Mannerjäreger mëssbraucht ze hunn. Hien huet sech 2019 am Prisong nach viru sengem Prozess d’Liewe geholl.