Nofollger vum Jerome PowellDe Kevin Warsh ass als neie Chef vun der US-Zentralbank FED nominéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Nominatioun vum Kevin Warsh muss nach vun enger Majoritéit am Senat gutt geheescht ginn.
© KEVORK DJANSEZIAN/AFP

De Kevin Warsh ass als neie Chef vun der FED, also der amerikanescher Zentralbank, genannt ginn: Den amerikanesche President Trump huet de 55-Joer alen Bankmanager, deen och 5 Joer als Gouverneur bei der FED geschafft huet, als de Nofollger vum Jerome Powell nominéiert, deem säi Mandat jo op den 1. Juni ausleeft.

Experte gesinn de Warsh als een, dee sech besonnesch fir Inflatiouns-Stabilitéit asetzt, also och wa néideg d’Zënsen erhéicht, fir d’Präisser stabil ze halen.
Dat steet jo den Ament vill an der Diskussioun: Den US-amerikanesche President Trump setzt jo reegelméisseg den aktuelle FED-Chef Powell ënner Drock, fir d’Zënsen erof ze setzen.

D’Nominatioun vum Kevin Warsh muss nach vun enger Majoritéit am Senat gutt geheescht ginn. Dëst gëllt awer wéinst den aktuellen Diskussiounen ronderëm d’FED an de Spannunge mat der Regierung nach net als sécher.

Back to Top
CIM LOGO