
D’Administration Pénitentiaire huet op Nofro vun RTL bestätegt, dass aktuell déi nei Epaulettë mam Emblème vum Grand-Duc Guillaume nach net disponibel sinn. D’Validatioun vun der Broderie vum neien Emblème wier méi komplex gewiescht wéi ugangs virgesinn. Et hätt en net manner wéi 6 Iteratiounen u Mustere gebraucht, bis all d’Detailer definitiv ofgekläert a validéiert waren.
D’Qualitéit géif eent vun den Haaptziler duerstellen an et kéint ee keng Liwwerung un Epauletten akzeptéieren, déi déi erfuerderlech Qualitéitskrittären net erfëllen, dat besonnesch well ee mat den alen Epaulettë wéinst Qualitéitsproblemer Schwieregkeeten hat.
Et huet een eis awer verséchert, dass d’Epauletten elo a Produktioun wieren an d’Liwwerung gëtt fir spéitstens Enn Februar erwaart. Et hätt ee sech och bewosst géint Varianten ouni Emblème entscheet, déi méi séier hätte kéinte produzéiert ginn.
An der éischter Commande goufe 755 Epaulettë bestallt, sou dass all Agent ee Puer géif kréien. D’Commande wier an enger éischter Phas limitéiert gehale ginn, fir méi e séiere Produktiounsslot ze kréien.
D’Administration Pénitentiaire weist drop hin, dass keng zousätzlech Käschten entstane wieren an och kee materielle Schued. Et hätt een allerdéngs d’Decisioun geholl, d’Zesummenaarbecht mam aktuelle Fournisseur net weiderzeféieren.
D’Epaulettë vun der Administration Pénitentiaire ginn iwwerdeems net an enger Sammelcommande mat der Police oder dem CGDIS bestallt, well een en aneren Design an och ugepasste Spezifikatiounen op den Uniformen hätt. Allerdéngs hätt een duerch den Austausch mat der Verantwortleche vun aneren Administratiounen de Kontakt mat engem Fournisseur kritt, deen ënnert anerem d’Police an de CGDIS beliwwert. Mat dësem géif een elo schonn zesummeschaffen, fir eng zousätzlech Muster-Variant auszeschaffen. Et wéilt een den Agenten de selwechte Qualitéits- a Veraarbechtungsstandard bidden, wéi en och bei der Police oder dem CGDIS üblech ass.
Deemno mussen d’Agente vun der Administration Pénitentiare sech nach e bësse gedëllegen, bis och si den Emblème vum Grand-Duc Guillaume op hire Schëlleren droe kënnen.