
Zanter Mëtternuecht Lokalzäit ass d’US-Regierung nees an engem Shutdown, dat well ee sech am Kongress net iwwer ee neie Budget eens ginn ass. D’Demokraten haten d’Debatten iwwer zousätzlech finanziell Moyenen fir den Inneministère ofgebrach, aus Protest iwwer déi déidlech Schëss op zwee Demonstranten a Minneapolis vun Immigratiouns-Agenten.
Experte ginn net dovun aus, datt de Shutdown laang unhält: Béid Parteie hunn am Senat schonn een neien Text ugeholl, deen dann e Méinden am Representantenhaus zum Vott steet.