Nodeems de Sträit tëschent der KI-Entreprise Anthropic an der US-Regierung en Donneschdeg eskaléiert war, huet de Verdeedegungsministère elo een Ofkommes mam der US-Entreprise OpenAI ofgeschloss fir d’Notze vun hirer KI. Dobäi hätt ee sech op “technesch Sécherheetsvirkéierunge” gëeenegt, huet de Chef vun OpenAI, Sam Altman, duerno op der Online-Plattform X präziséiert.
Zwee vun hire wichtegste Grondsätz a punkto Sécherheet wieren: De Verbuet vun der Masseniwwerwaachung am Land an déi mënschlech Verantwortung fir d’Uwenne vu Gewalt, och bei autonome Waffesystemer. Anthropic hat änlech Konditioune gestallt an dem Pentagon awer en onageschränkte militärescht Notze vun hirer KI refuséiert, wouropshin den US-President Trump d’Autoritéiten opgeruff huet mat effet immédiat op hir KI-Servicer ze verzichten.