
Nodeems sech Netflix a Paramount Skydance am Sträit ëm d’Iwwerhuele vum US-Film- a Mediekonzern Warner Bros. Discovery ëmmer nees iwwerbueden haten, huet Paramount den Deal ofgeschloss. Paramount a Warner Bros. hunn e Freideg en entspriechenden Accord ënnerschriwwen. Am Ganze geet et ëm eng Zomm vun 110 Milliarden Dollar, also gutt 93 Milliarden Euro. Paramount huet déi ganz WBD-Grupp mat de Fernseesender wéi zum Beispill CNN kaf.
Netflix hätt sech en Donneschdeg zréckgezunn, nodeems Paramount eng besser Offer virgeluecht hat, déi vu WBD als “iwwerleeë” agestuuft gi war.
D’Iwwerhuele muss elo nach vun de WBD-Actionnäre bei enger Assemblée extraordinaire den 20. Mäerz confirméiert a vun de Reguléierungsautoritéiten accordéiert ginn.
De Sträit hat och eng politesch Säit: Den Netflix-Grënner Reed Hastings gëllt an den USA als ee vun de gréissten Donateure vun den Demokraten. De Paramount-Chef David Ellison a säi Papp Larry Ellison hunn dogéint den US-President Trump ënnerstëtzt.
Liest dozou och: