
An Europa géifen d’Demokratie an d’Meenungsfräiheet verluer goen, et géif Zensur ginn, d’politesch Oppositioun géif ënnerdréckt an d’Gebuerten an de Keller goen, et bräicht eng Korrektur. Och vun enger “zivilisatorescher Ausläschung” vun Europa geet am 29 Säite laangen Dokument rieds. En europäesche Problem wier d’Migratioun, grad wéi d’EU an hir Aktivitéiten.
Et ass net déi éischten Attack vun där Zort op Europa. Am Pabeier steet och, et wier net kloer, ob d’EU kéint e fiabele Partner bleiwen. D’USA wéilten deemno de Widderstand an den eenzelen europäeschen Natioune géint d’Richtung vun Europa kultivéieren. Dass nationalistesch Parteien an Europa un Zoustëmmung gewannen, encouragéiert d’Dokument dogéint. “Mir wëllen, datt Europa europäesch bleift”, heescht et doranner, wärend gläichzäiteg gewarnt gëtt, datt Europa bannent 20 Joer net méi wäert rëm ze erkenne sinn, wann den aktuellen Trend weidergefouert gëtt.
Dat komplett Dokument kënnt Dir hei noliesen.
Déi europäesch Baussebeoptraagt Kaja Kallas huet mëttlerweil op déi nei US-Sécherheetsstrategie reagéiert. D’USA wieren nach ëmmer dee gréissten Alliéierte vun der EU, sot si e Samschdeg op enger Konferenz an der katarescher Haaptstad Doha. Och wann een net an alle Punkten enger Meenung wier, wier een Deel vun der Kritik wuel berechtegt. Egal wéi wieren awer déi iwwergräifend Prinzippien, déi béid Säite matenee verbanne géingen, nach ëmmer do. Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul hat schonn e Freideg gesot, d’USA wiere weiderhin dee wichtegste Partner an der NATO. Hien hat awer och betount, datt Däitschland bei Froe vun der Meenungsfräiheet oder der Organisatioun vun der Gesellschaft keng Tuyaue vu bausse bräicht.