
An noer Zukunft wéilt een iwwerdeems och déi iranesch "Insel Kharg an och aner Pëtrol-Infrastruktur-Plazen" ënner Kontroll bréngen. Militärexperten no géif et fir eng Eruewerung vu Kharg Buedemtruppen brauchen. Esou ee riskanten Asaz huet den US-President bis ewell nach net ordonéiert.
D'Insel am Norde vum persesche Golf ass de wichtegsten iraneschen Pëtrol-Terminals. Normalerweis ginn hei 90 Prozent vum Réi-Pëtrol aus dem Land transferéiert. Enn Mäerz hat den Donald Trump domadder gedreet, d'Insel ze "vernichten", sollt den Iran d'Strooss vun Hormus net rëm fir de Schëffstrafic fräiginn. Mëtt Mäerz hat et vum US-President geheescht, déi amerikanesch Loftwaff hätt militäresch Ziler op der Insel ugegraff a "komplett ausradéiert". Teheran hat dëst allerdéngs net confirméiert. De lokalen Autoritéiten no wier den Exportbetrib ouni Aschränkunge weidergelaf.
An deene leschten Deeg war et tëschent den USA an dem Iran wéinst stagnéierende Verhandlungen nees zu géigesäitegen Attacke komm. D'USA hunn Ziler am Iran ugegraff, Teheran hat mat Rakéiten- an Dronenugrëff op US-Stëtzpunkten am Bahrain, Jordanien a Kuwait reagéiert. Déi am Abrëll decidéiert Wafferou huet den iraneschen Ausseministère entretemps "praktesch bedeitungslos" genannt.