
Amplaz wier en equilibréiert Schutzkonzept néideg, dat d'Riske vu sämtlechen digitalen Offeren berécksiichtegt, sou den Ethikrot en Donneschdeg. A senger Stellungnam hunn d'Experte vum Conseil sech ënner anerem och mat Smartphonen u Schoulen der Roll vun den Eltere beschäftegt.
"Kanner a Jugendlecher wuessen haut mat villen digitalen Offeren op, déi eng wichteg Roll bei der Erfëllung vun hire Besoinen no Kommunikatioun an Informatioun spillen", sou de Chef vum Conseil Helmut Frister. Et géif ëm d'Wuel vun de Kanner goen an dat schléisst och gesellschaftlech Participatioun mat an. Dobäi wier et awer wichteg, datt den néidege Schutz fir jonk Leit mat hirem Interessi fir digital Offeren an Equiliber bruecht gëtt. En ëmfaassend Mindestalter fir sozial Medie wier aus der Vue vum Ethikrot heifir allerdéngs "net gëeegent". Vill jonk Mënsche wiere kompetent genuch, fir Beschränkungen z'ëmgoen.
Och warnt de Conseil do virdrun, datt e renge Fokus op déi sozial Reseauen ze kuerz gräift. Riske wéi Sucht, Gewaltexperiencen oder Cybermobbing géingen nämlech vu Contenuen a Funktiounen ausgoen, déi et net nëmmen do gëtt, ma och bei Streamingservicer a fräi accessibele Messengerdéngschter. Ausserdeem géife vill Kanner lo scho Kënschtlech Intelligenz wéi Chatbotten oder Biller-Generateuren notzen an dës wieren nach manner reguléiert. E Social-Media-Verbuet kéint deemno dofir suergen, datt Jonker sech nach méi deene KI-Servicer zouwenden.
En ëmfaassend Schutzkonzept wier néideg. Den Digital Services Act vun der EU géif dofir schonn eng gutt Grondlag bilden. "D'Virgaben, fir Gefore fir Kanner a Jugendlecher am Netz ze reduzéieren, mussen awer nach méi effektiv ëmgesat a Fournisseiren nach méi staark an d'Flicht geholl ginn", sou nach den Helmut Frister.
Grouss Responsabilitéit fält dann och op d'Famill an d'Elteren an dës bräichte liicht accessibel a seriéis Informatiounen iwwer Geforen am Internet, sou wéi och "besser technesch Outile" mat deene si d'Aktivitéite vun hire Kanner begleede kënnen. E Beispill heifir wieren Apps fir d'Iwwerwaachung vun der Ecranszäit a fir de Kannerschutz. An och déi jonk Leit selwer misste méi staark mat abezu ginn, sou och bei politeschen Decisiounen. Eng Aschränkung vun der privater Notzung vun digitale Geräter u Schoulen, wéi et se schonn an e puer Länner - dorënner och zu Lëtzebuerg - gëtt, begréisst den däitschen Etikrot dogéint.