No Kritik u Premier Starmer a FinanzministèreBritteschen Defenseminister John Healy demissionéiert

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst engem Manktem u finanzieller Ënnerstëtzung fir säi Ressort huet de britteschen Defenseminister John Healy en Donneschdeg säi Récktrëtt annoncéiert.
Der britische Verteidigungsminister John Healey hat am Donnerstag seinen Rücktritt erklärt.
De britteschen Defenseminister John Healy
© POOL/AFP/Archiv

Am Demissiounsschreiwes vum britteschen Defenseminister John Healy, dat hien um Kuerznoriichtendéngscht X verëffentlecht huet, heescht et, de brittesche Premier Keir Starmer an de Finanzministère hätten him net déi néideg Moyene fir d'Defense bereetgestallt. "Dir waart net capabel, an de Finanzministère war net bereet, déi Moyene bereetzestellen, déi d'Natioun fir d'Verdeedegung vum Land an dëser Zäit vun ëmmer méi Menacë brauch", heescht et am Bréif.

Zanter Woche befënnt sech déi brittesch Regierung an enger Kris: De Premier Starmer gesäit sech nom Debakel vu senger Labour-Partei bei de Gemengen- a Regionalwalen am Mee mat Demissiounsfuerderungen aus den eegene Reie konfrontéiert.

Mëtt Mee war schonn de brittesche Santésminister Wes Streeting zeréckgetrueden. Dësen hat ausserdeem annoncéiert, hie wéilt ëm dem Keir Starmer säin Amt als Partei- a Regierungschef kandidéieren.

Back to Top
CIM LOGO