
An den Diskussioune geet et ënner anerem dorëm, wéi een d'Zäregasemissioune kéint reduzéieren a wéi déi international Klimafinanzéierung kéint ausgesinn. D'Gespréicher sollen déi nächst UN-Klimakonferenz am November an Antalya preparéieren, déi vun der Tierkei zesumme mat Australien ofgehale gëtt.
Den UN-Klimachef Simon Stiell hat am Virfeld zu "maximale Fortschrëtter" opgeruff. Och Ëmweltorganisatiounen hunn déi international Staategemeinschaft dozou opgeruff, sech decidéiert fir méi Klimaschutz anzesetzen. Si maache virun allem Drock, méiglechst séier aus de fossillen Energien erauszekommen. Et misst ausserdeem méi Ënnerstëtzung fir besonnesch betraffe Länner ginn, fir sech dem sech verännerende Klima unzepassen a fir klimabedéngte Schied auszegläichen.